74 Milliounen Euro aus Lëtzebuerg sinn dëst Joer un Hëllef un d'Ukrain gaangen. Dës Hëllef besteet zum groussen Deel aus Liwwerunge vu Krichsmaterial: Gefierer, Ofwierrakéiten a Munitioun.
3D-Scannere kënnen "digital twin" schafen
Och dës Woch ass erëm en Transportwon gefëllt mat Hëllefsgidder vu Lëtzebuerg an d'Ukrain geschéckt ginn. Dorënner waren och 30 3D-Scannere déi hëllefe sollen, Krichsverbriechen ze dokumentéieren.
Fir déi spéider Investigatioun wier dat immens wichteg, well et wier e Moyen fir grouss Fläche ganz genee ze fotograféieren an ofzespäicheren, erkläert de Generaldirekter vun der Firma "Artec3D", déi de Produit entwéckelt huet, den Artyom Yukhin.
Esou géif et sech hei ëm e Miess-Instrument handelen, datt all Uewerflächen a Géigestänn erfaasse kann, a vun de gescannten Objeten en digitalen Zwilling, also en "digital twin", schafe kann. Den Artyom Yukhin erkläert weider, datt de Scanner op de Millimeter genau Form a Faarf erkennt.
François Bausch: Materiell Ënnerstëtzung ass wichteg
D'Scanne sollen den Ukrainer eng Chance ze ginn, sech am Krich géint Russland ze verdeedegen. Well andeem d'Verbrieche mat de Scanneren dokumentéiert ginn, kënne Beweiser gesammelt ginn, erkläert de Verdeedegungsminister François Bausch.
Allgemeng wier déi materiell Ënnerstëtzung, déi Lëtzebuerg an aner europäesch Länner fir déi ukrainesch Arméi liwwere wichteg, fir an dësem Krich iwwerhaapt eng Léisung ze fannen:
"Well wa mir dat net maachen, da wäerten d'Russen natierlech deen ongerechte Krich gewannen an da sinn d'Verhandlungen herno souwisou e Witz. Iwwert wat wëllt dir verhandelen, wann dir aus enger schwaacher Positioun eraus musst verhandelen?"
Et misst een op de Punkt kommen, erkläert de François Bausch, wou Russland verstoe géif, datt et de Krich net kéint gewannen a dann op de Verhandlungsdësch kënnt. Do misst een no seriöe Léisunge sichen, déi fir d'Sécherheet vu béide Länner bäidréit. Vun der russescher Säit géif aktuell de Wëlle fir ze verhandele feelen, esou nach de Verdeedegungsminister.