Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fontaines D.C. - I Don't Belong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg mécht Steierdumping bei den Zigaretten"

Tubak

"Lëtzebuerg mécht Steierdumping bei den Zigaretten"

De franséische Pneumolog an Tabacolog Bertrand Dautzenberg geheit Lëtzebuerg Steierdumping bei den Zigarette vir: doduerch géif d'Gesondheetssituatioun vun de Fransouse verschlëmmert ginn, kritiséiert den Expert. De Bertrand Dautzenberg schwätzt vun enger moralescher Fro. Vum Grand-Duché verlaangt de Professer eng méi responsabel Attitüd.

auto_stories

2 min

Zéng Euro wäert a Frankräich e Pak Zigarette vun där beléiftster Mark vum 1. Mäerz u kaschten. Wann de Präis klëmmt, da reduzéiert sech den Zigarettekonsum a mëttelfristeg fält och d'Zuel vun den Tubaksdoudegen, erkläert de Paräisser Pneumolog Bertrand Dautzenberg.

Ee Pak kascht a Frankräich bal duebel esou vill

Zanter e puer Joer géif d'Zuel vun de männleche Patiente mat Longekriibs erofgoen, well d'Männer ëmmer manner fëmmen. Den Taux vu Kriibspatiente wier am Oste vu Frankräich awer anormal héich, well do méi gefëmmt géif ginn.

Dat well d'Zigarettepräisser zu Lëtzebuerg "aussergewéinlech niddreg" wieren, kritiséiert den Expert. Am Grand-Duché wier de Präis fir de Pak nëmme bal hallef esou héich, wéi deen a Frankräich. Lëtzebuerg géif d'Zigaretten net deier verkafen. Et géif geschätzt ginn, datt zu Lëtzebuerg fënnef Mol méi Zigarette kaf ginn, wéi datt vun de Lëtzebuerger gefëmmt ginn.

Een Impakt op d'Gesondheet

De Bertrand Dautzenberg seet, Lëtzebuerg géif also Steierdumping maache fir Zigarette fir méi bëlleg un d'Nopeschlänner ze verkafen. Doduerch géif sech d'Gesondheetssituatioun vun de Fransousen, déi no bei Lëtzebuerg wunnen, verschlëmmeren.

De Paräisser Longendokter zitt dobäi de Verglach mam Verkaf vu Sprit a vun Alkohol zu Lëtzebuerg, wat awer manner staark gesondheetlech Konsequenzen hätt, wéi bei den Zigaretten. Zigarette fir méi bëlleg ze verkafe wier zwar gesetzlech net verbueden, mee et wier eng moralesch Fro.

Steieren zeréckbezuelen oder erhéijen

Op den neien Zigarettepäck kéint een erausfannen, wou de Pak hierkënnt. Doduerch kéint een noweisen, datt zu Lëtzebuerg fënnef Mol méi Zigarette verkaf ginn, wéi der gefëmmt ginn. D'Nopeschlänner kéinten dann déi verpasste Steieren zeréckfuerderen.

Mat dëse Sue kéinten déi aner Staate da preventiv Mesurë finanzéieren, esou den Dokter Bertrand Dautzenberg. Dat einfachst wier awer, datt Lëtzebuerg d'Zigarette grad esou staark géif besteieren, wéi déi aner EU-Memberstaaten, esou seng Recommandatioun, fir Leit vum Fëmmen ofzehalen.

Den Dokter erënnert an deem Kontext un d'Recommandatioun vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO fir d'Zigarettepräisser eropzesetzen, fir d'Gesondheet ze schützen. Lëtzebuerg géif dëser Recommandatioun awer net Rechnung droen, och wann dat net zwéngend wier. Et wier awer traureg, datt Lëtzebuerg vun de Steiere vun anere Länner géif profitéieren, an datt doduerch méi Leit am Ausland géife stierwen.