Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg muss Bachelorausbildung fir Infirmieren ubidden"

Fleegesecteur

"Lëtzebuerg muss Bachelorausbildung fir Infirmieren ubidden"

D'Schülerzuel an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer hëlt zou, d'Zuel vu de Enseignantë geet zréck. D'Associatioun vun den Enseignantë vu de Gesondheetsberuffer d'ALEPS warnt virun engem Kollaps. Just zéng Prozent vun den neien Infirmieren am Lëtzebuerger Gesondheets- a Fleegesecteur, ginn zu Lëtzebuerg ausgebilt, seet de Gilles Evrard, President vun der ALEPS, der Associatioun vun den Enseignanten aus de Gesondheetsberuffer.

auto_stories

2 min

Gilles Evrard

Eng Ursaach dofir wier d'Orientatioun. Just e Véierel vun de Studenten am Lycée des professions de santé géif den Infirmiersberuff wielen. Déi meescht wéilten d'Première maachen a weiderstudéieren. Dofir fuerdert d'ALEPS eng Revaloriséierung vun der Carrière vum BTS zu engem Bachelordiplom fir d'Infirmiersausbildung - esou wéi dat an de meeschten europäesche Länner de Fall ass.

De Lex Folscheid, Coordinateur général am Educatiounsministère, sot géigeniwwer RTL, datt dat dozou kéint féieren, datt manner Leit den Diplom géife packen an doduerch géifen nei Problemer entstoen. Dat kéint een net esou soen, seet de Gilles Evrard. Wann d'Argument vum Lex Folscheit stëmme géif, da géifen a Frankräich keng Infirmiere méi "au lit du malade" schaffen, well och am Nopeschland hunn Infirmieren ee Bachelordiplom. Déi aktuell Formatioun géif all fënnef Joer accreditéiert ginn. D'international Experten, déi dëse Prozess begleeden, hätte sech an der Vergaangenheet scho méi dacks dofir ausgeschwat, fir d'Formatioun op e Bachelorniveau ze héijen.

Eng kohärent national Fleegepolitik fir Lëtzebuerg

De Gilles Evrard kritiséiert och, datt et generell keng kohärent national Fleegepolitik an eng interministeriell Zesummenaarbecht zu Lëtzebuerg géif ginn. D'ALPES géif dofir plädéieren, datt den Dossier Fleeg an d'Ausbildung an der Fleeg eng "absolutt Prioritéit" vun der Regierung misst sinn. "Mir kënnen net esou weiderfueren a keng Statistiken hunn oder eis net dofir interesséieren, wat an den nächste Joren op eis zoukënnt. Mir kënnen d'Aen net méi zoumaachen.

D'ANIL (Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren) fuerdert dofir en interministeriellt Organ, dat d'Analys vun de Besoine vun haut a fir d'Zukunft mécht. Et kéint net sinn, datt gewosst wier, datt d'Fleegebedierftegkeet zu Lëtzebuerg an den nächste Jore géif eropgoen, an datt ee sech parallel dozou keng Froen dozou géif stellen. D'Representativitéit vun den Infirmiere wier op bestëmmten Niveauen net grouss genuch, dofir wier elo de Moment komm, fir net just als Infirmieren ze schwätzen, mee am Numm vun all de Gesondheetsberuffer, seet de Gilles Evrard.