Radioen

On air

Moiesstudio  |  Touriste solle sech am Virfeld informéieren

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg muss Mënscherechter besser schützen"

Mënscherechter

"Lëtzebuerg muss Mënscherechter besser schützen"

D'Initiativ fir en droit de vigilance fuerdert, datt de Lëtzebuerger Staat misst senger Obligatioun nokommen, d'Mënscherechter bei wirtschaftlechen Aktivitéiten ze schützen. D'Lëtzebuerger Entreprise CAE-Aviation wier laut rezente Revelatiounen duerch hir Servicer a méiglech Mënscherechtsverletzungen implizéiert. Op hirem Siège um Findel gouf versicht an den Dialog mat de Responsabelen ze trieden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Ägypten soll tëscht 2016 an 2018 Ziviliste bombardéiert an ëmbruecht hunn. Dat mat der Hëllef vu Frankräich an op Basis vu Surveillance-operatioune vun der lëtzebuerger Firma CAE Aviation. Revelatiounen vun der NGO "Disclose" hu gewisen datt d'Entreprise mat Opklärungsflich am Optrag vun der Franséischer Regierung un der Militäroperatioun "Sirli" bedeelegt war. D'Operatioun hat offiziell de Kampf géint den Terrorismus als Zil, mee de Revelatiounen no wollt Ägypten Aktivitéite vu Schmuggel bis irregulär Immigratioun stoppen.

D'Entreprise CAE Aviatioun wier e weidert Beispill vun enger Entreprise mat Siège zu Lëtzebuerg, där hir Aktivitéiten zu Mënschechrechtsverletzungen bäigedroen hätt, esou d'Initiative fir en droit de Vigilance. D'Pegasus-Spionage-Software vun der Firma NSO wier e weidere Fall, esou de Porte Parole Jean-Louis Zeien.

Fuerderung no engem Gesetz, dat Mënscherechter an Entreprisen duerchsetzt

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro zu der Bedeelegung vu CAE-Aviation un der Militäroperatioun "Sirli" wier dem Ausseminister no Lëtzebuerg net mat-schëlleg fir Ugrëff op Zivilisten. D'Initiativ weist sech onzefridden mat dëser Appreciatioun. Perplex wier een och, datt de Jean Asselborn mol net e Bréif un d'Entreprise adresséiert hätt fir ze fuerderen, datt Lëtzebuerg all Obligatiounen applizéiert, wat d'Exportkontrollen ugeet.

"Huet et domat ze dinn, datt mer eis hei an engem militäresche Beräich befannen, deen nach méi sensibel ass? Huet et domat ze din, datt de franséische Staat mat dran implizéiert ass?"

D'Initiativ fir en droit de vigilance fuerdert säit längerem datt Lëtzebuerg sech e Gesetz gëtt, fir den Devoir de vigilance wat d'Mënscherechter an den Entreprisen ugeet duerchzesetzen. Den Ausseminister hätt léiwer eng europäesch Léisung.