D'Opriichten, d'Bedreiwen an d'Ofrappe vum Lëtzebuerger Pavillon sollen 32 Milliounen Euro kaschten. Dat si ronn 185.000 Euro pro Dag. Bis elo géif näischt drop hiweisen, datt dëse Budget net kéint respektéiert ginn, sou déi fréier DP-Ministesch. Lëtzebuerg hätt gemierkt, datt et mat enger Präsenz op enger Weltausstellung an enger "ganz anerer Liga" misst matspillen.
D'Generalkommissärin fir d'Expo Maggy Nagel huet och confirméiert, datt de Pavillon no der Expo net hei am Land erëm opgebaut gëtt, well dat op d'mannst 16 Milliounen Euro zousätzlech kascht hätt. Fir den Amenagement vum Terrain wiere weider Investitiounen néideg gewiescht. Dowéinst hätt d'Lëtzebuerger Regierung sech schlussendlech dogéint entscheet, fir de Pavillon no der Expo nees zu Lëtzebuerg opzeriichten. "Dat ass och kee Problem, d'Kreeslafwirtschaft ass een Thema, a mir musse laut Organisateur 70 Prozent recycléieren. Dat heescht, et gëtt e ganz nohaltege Projet", sou d'Maggy Nagel.
D'Bauaarbechte solle geschwënn ufänken
Lëtzebuerg hätt als éischt Land säi Kontrakt ënnerschriwwen, fir op der Expo 2020 zu Dubai present ze sinn, sou d'Generalkommissärin. Enn Juli, Ufank August sollen d'Bauaarbechten ufänken. De Lëtzebuerger Projet, deen dem Public während der Weltausstellung soll presentéiert ginn, besteet aus enger Geschicht, sou d'Maggy Nagel. "Mir wëllen de Visiteur mat senge fënnef Sënner op eng Rees duerch Lëtzebuerg mathuelen, wou d'Diversitéit, d'Oppenheet den Dynamismus, d'Connectivitéit, den Entreprenariat, mee awer och d'Schéinheet vu Lëtzebuerg wäerten d'Haaptthema sinn."
Lëtzebuerg wäert mat sengem Projet weisen, datt d'Land am "Espace" an an der Logistik doheem ass, an datt d'Land keng Angscht virun neien Technologien huet, sou d'Maggy Nagel.
D'Generalkommissärin këmmert sech zanter Abrëll 2016 ëm d'Virbereedung vun der Lëtzebuerger Präsenz op der Weltausstellung. No där Expo wéilt si an d'Pensioun goen, huet d'Generalkommissärin ugekënnegt.