Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fairness vu Schoulsystem: Lëtzebuerg op leschter Plaz

OECD-Rapport

Fairness vu Schoulsystem: Lëtzebuerg op leschter Plaz

De Schoulsystem hei am Land bitt keng optimal Chancëgläichheet. Dat geet aus dem Rapport vun der OECD iwwert d'Fairness vun de Schoulsystemer ervir. Virun allem de soziale Background an déi finanziell Ressourcen hunn e groussen Impakt op d'Schoul-Carrièren. Am OECD-Verglach läit de Grand-Duché domat op der leschter Plaz.

auto_stories

3 min

(Foto: Bigstock/ g0d4ather)

Am internationale Verglach bleift den Afloss vun den Elteren e grousse Facteur beim schouleschen Erfolleg vun de Kanner. Am OECD-Duerchschnëtt ass ee Schüler aus engem schwaache sozioekonomesche Milieu dräi Joer manner an der Schoul, wéi e Kand aus enger Famill, déi finanziell besser opgestallt ass. Zu Lëtzebuerg leit dës Differenz esou guer bei véier Joer. Domat läit de Grand-Duché op der leschter Plaz an dëser Statistik.

"Wéineg Moossnamen ergraff fir Equitéit ze verbesseren"

Den OECD-Rapport iwwert d'Fairness vun de Schoulsystemer gräift virun allem op d'Donnéeë vun der PISA-Etüd vun 2015 zeréck - geet awer och zeréck bis an d'Joer 2006. Dat seet den Antoine Fischbach, Interimsdirekter vum LUCET, dem Luxembourg Centre for Educational Testing op der Uni Lëtzebuerg.

"An do stelle mir effektiv fest, datt Lëtzebuerg sech - wat déi Equitéit ugeet - net wierklech verbessert huet. Dat fannen ech elo net wierklech iwwerraschend. Einfach well an deene Joren do ganz wéineg geschitt ass - reng politesch - wat een hätt kéinten als Equitéitsfërderend Moossnamen deiten. Natierlech sinn an der leschter Legislaturperiod an och vun där virdrun un eng ganz Rei Saache geschitt, déi an déi Richtung ginn. Mee déi konnten nach net gräifen."

Als Beispiller fir esou Mesuren nennt den Antoine Fischbach ënnert anerem déi fréikandlech Bildung, d'Ganzdagsschoulen oder nach d'gratis Schoulbicher fir Schüler.

"Problem erkannt an acceptéiert"

Ee wichtege Fortschrëtt, deen an de leschte Jore gemaach gi wier, wier datt de Problem erkannt an och acceptéiert gouf, esou den Antoine Fischbach. An anere Wieder. Datt een net méi géif probéieren "de Feeler um Moossstaf ze sichen." Déi éischt zéng Joer wier virun allem iwwer d'PISA-Studie gestridde ginn.

"Ob dat op Lëtzebuerg passt an alles. Mir sinn awer elo dovunner ewech mengen ech, datt mir iwwert de Moossstaf streiden. Mee datt mir wierklech de Constat acceptéiert hunn a probéieren elo eppes drun z'änneren an da konstruktiv no vir ze kucken."

Beim Thema Resilienz - also Schüler, déi trotz engem schwaache sozioekonomeschen Hannergrond, et packen an der Schoul ze reusséieren - schneiden déi betraffe Schüler zu Lëtzebuerg am OECD-Verglach manner gutt of. Interessant wier awer, datt d'Wuelbefanne vun deene Schüler am OECD-Duerchschnëtt läit. "Jo, d'Kompetenzen, do leie mir zeréck. Mee et geet de Kanner awer net méi schlecht, wéi hire Kollegen aus deenen aneren OECD-Länner."

"Non-formal Offer verbesseren"

Fir d'Equitéitsproblemer zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien, misst een nieft der klassescher Schoul och déi ausser-schoulesch Offeren a Konditioune verbesseren, fir jidderengem eng fair a gerecht Educatioun z'erméiglechen, esou den Antoine Fischbach. Virun allem déi fréikandlech Bildung hätt een als Handlungsfeld identifizéiert. Et misst een einfach kucken, datt d'Schéier, déi och do schonn existéiert, net weider ausenaner geet. Déi parascolaire Offer - "dat ass de lëtzebuergesche Modell vun der Ganzdagsschoul, wou mir och probéieren, déi Ressource ronderëm d'Schoul ze liwweren, déi vläicht doheem feelen." Et wier extrem wichteg, datt sech déi formell an déi non-formell Offer rapprochéieren, esou nach den Antoine Fischbach. "Fir zesummen deen Challenge unzegoen."

Net manner wichteg fir eng positiv schoulesch Carrière ass d' Roll vum Enseignant. Och dat hält den OECD-Rapport fest. Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee iwwerall, wier den Enseignant de Schlëssel, wann et ëm schouleschen Erfolleg geet, seet den Interimsdirekter beim LUCET. "Den Enseignant ass deen, deen Zäit mat de Kanner verbréngt. Et ass deen, dee virun der Klass steet. Dat Ganzt steet a fält ma gutt ausgebilten an héich motivéierten Enseignanten."