Radioen

On air

Tockcity  |  Justice & Miguel - Saturnine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg rapatriéiert Leit aus Afghanistan

No Muechtwiessel vun den Taliban

Lëtzebuerg rapatriéiert Leit aus Afghanistan

D'Direktioun vun der Défense stellt den Airbus A 400 M vun der Lëtzebuerger Arméi zur Dispositioun fir lëtzebuergescht an alliéiert Personal aus Aufghanistan aus auszefléien, dat gouf haut an engem Communiqué matgedeelt. Véier Lëtzebuerger an zwee Afghanen, déi eng Openthaltsgeneemegung hei am Land hunn, sinn den Ament am Afghanistan. Déi RTL-Informatioun huet den Ausseministère eis op Nofro hi confirméiert.

auto_stories

2 min

Den Ausseministère an d'Defense wieren a Kontakt mat dëse Leit fir ze kucken, wat ka gemaach gi fir si ze rapatriéieren, sot eis de Verdeedegungsminister François Bausch. D'Kooperatioun tëscht der lëtzebuerger a belscher Arméi géif dobäi exzellent funktionéieren.

Mat der belscher Arméi an der NATO-Agence NSPA mat Sëtz zu Capellen, kucken d'Lëtzebuerger Autoritéiten iwwerdeems fir bei méiglechen Evakuatioune vu belschem an NATO-Personal, respektiv hiren afghanesche Kontaktleit ze hëllefen, esou nach de François Bausch. Alles an allem sollen hei 17 Mataarbechter rapatriéiert ginn, déi den Ament nach a Missioun am Afghanistan sinn.

Chaos am Afghanistan

Nodeems d'Taliban d'Muecht am Afghanistan iwwerholl hunn, versichen Dausende Leit iwwer de Flughafe vu Kabul aus dem Land ze flüchten. D'US-Truppen hunn de Flughafen den Ament ënner Kontroll. Et ass awer deels zu chaoteschen Zeenen a Massepanik komm. Kommerziell Volle ginn et keng méi. Mat Militärfligere probéiere westlech Länner, hir Leit ze evakuéieren.

Déi däitsch Verdeedegungsministerin Annegret Kramp-Karrenbauer huet annoncéiert, datt bis zu 600 däitsch Zaldoten an den Afghanistan solle geschéckt ginn, fir d'Evakuatiounen do ze sécheren. Och d'USA a Groussbritannien hunn annoncéiert, datt si zousätzlech Truppen op Kabul schécken.

Et gi sech vill Fluchtbeweegungen erwaart

Den afghaneschen Ambassadeur bei der UNO huet gefuerdert et misst en humanitäre Korridor geschaf ginn, fir all déi Leit ze evakuéieren, déi riskéieren, vun den Taliban festgeholl ze ginn. D'Nopeschlänner missten hir Grenze fir Flüchtlingen an den Transport vun humanitärer Hëllef opmaachen.

D'Nopeschland Usbekistan huet ugekënnegt, keng Fluchtbeweegungen aus dem Afghanistan zouzeloossen. Jiddwereen, déi wéilt iwwer d'Grenz, géif festgeholl ginn. De Mëtteg ass eng Reunioun vun den EU-Ausseministere fir iwwer d'Situatioun am Afghanistan ze beroden.