Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg: "D'Schéier tëscht Wunnen a Schaffen ass ze vill auserneen"

Gemengewahlen 2017

Lëtzebuerg: "D'Schéier tëscht Wunnen a Schaffen ass ze vill auserneen"

Bannent deene sechs leschte Joer huet d'Stad Lëtzebuerg 20 000 Awunner bäikritt a kennt op 115 000 Awunner an 170 000 Aarbechtsplazen. D'CSV plädéiert fir eng dezentral Entwécklung vum Aarbechtsmaart am Land a fuerdert de Bau vun neie Wunnengen op de fräie Fläche an der Stad. D'DP wëll esouwuel d'Quartiere verdichten, ewéi och nei Wunnengsbauprojeten lancéieren.

auto_stories

3 min

Mat de Bauprojeten um Ban de Gasperich an um Kierchbierg wiisst d'Populatioun an der Haaptstad weider. Den Emploi donieft géif awer nach méi séier wuessen, ewéi d'Unzuel un Awunner, esou de Virworf vum CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes. Hien ënnerstëtzt d'Iddi vun enger dezentraler Entwécklung vum Aarbechtsmarché. D'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer ënnersträicht, datt d'Stad Lëtzebuerg eng wirtschaftlech Croissance brauch.

"Deen, dee mengt, mir bräichte keng Aarbechtsplazen, dee soll op Mont-Saint-Martin kucke goen, wat dat heescht, wann ee keng wirtschaftlech Croissance huet," zitéiert d'Lydie Polfer de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Méi Wunnenge bannent de Quartieren?

Méi Wunnraum schafen ass de Wonsch vun der CSV an der DP an der Stad. Net eens si sech béid Parteien, wou dës Wunnenge sollen entstoen.

"Méi Wunnenge sollen op deene Plaze gebaut ginn, wou et nach Sënn mécht. Dat heescht, do wou et nach gréisser Fläche gëtt: Am Westen an um Kierchbierg a manner staark an de Quartieren, déi duerch déi vill Residenzen iwwerfuerdert ginn," seet de Serge Wilmes.

Och d'DP-Buergermeeschtesch wëll méi Wunnengen an der Stad. Dowéinst géifen d'Quartieren um Ban de Gasperich an um Kierchbierg ausgebaut ginn. D'Lydie Polfer dogéint setzt op d'Verdichtung an de Quartieren. Ouni, datt et zu engem Verloscht vun der Liewensqualitéit géif kommen, esou d'Stater Buergermeeschtesch. Eng grouss Unzuel u Projete wieren iwwerdeems scho geplangt. Wéinst deene laange Prozedure kéimen déi awer net gutt virun, bedauert d'Lydie Polfer. Mat den Argumenter vum Serge Wilmes, d'Quartieren sollten net verdicht ginn, ass si net averstanen.

"Et muss een eng gewësse Logik halen. Et kann ee net engersäits soen, mir brauche méi Wunnengen, mee mir bauen se net do, wou d'Leit sinn a mir setzen se op déi gréng Wiss."

Méi soziale Wunnengsbau

Donieft plädéiert d'CSV fir abordabele Wunnengsbau. Et wieren déi héich Immobiliepräisser déi d'Leit géifen zwéngen, baussent d'Stad wunnen ze goen, ënnersträicht de Serge Wilmes. D'Stad misst am Beräich vum soziale Wunnengsbau selwer vill méi aktiv ginn an net alles der SNHBM an dem Fonds du Logement iwwerloossen. D'Stad Lëtzebuerg hätt déi finanziell Mëttel fir deen Effort ze maachen, esou den CSV-Spëtzekandidat fir d'Gemengewahlen.

D'Stater Buergermeeschtesch erënnert drun, datt déi 20 000 Awunner, déi bannent deene leschte sechs Joer an der Stad Lëtzebuerg bäikoumen, keng sozial Wunneng gebraucht hunn. D'Majoritéit vun hinnen hätt hir Wunneng selwer um Privatmarché kaf. D'Lydie Polfer gëtt awer zou, datt et Läit ginn, déi an der Stad keng abordabel Wunneng géife fannen.