Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg soll Frankräich kompenséieren

Groussregioun

Lëtzebuerg soll Frankräich kompenséieren

2.000 Euro pro Frontalier pro Joer sollt Lëtzebuerg de Fransousen all Joer iwwerweisen, fënnt den Dominique Gros, de Buergermeeschter vu Metz. Bei aktuell knapp 105.000 Pendler aus der Lorraine wieren dat méi wéi 200 Milliounen, déi eist Land bezuele misst, als Kompensatioun fir Recetten, déi Frankräich entginn, well d'Frontalieren hir Steieren zu Lëtzebuerg bezuelen.

auto_stories

2 min

Den Dominique Gros ass Buergermeeschter vu Metz

200 Millioune Euro wieren nach nëmmen zéng Prozent vun där Zomm, déi dank de Frontalieren an d'Lëtzebuerger Staatskeess gespullt ginn, sou den Dominique Gros, deen op änlech Arrangementer tëschent Frankräich an der Schwäiz fir d'Grenzregioun bei Genève verweist.

Déi Sue géife gebraucht ginn, fir op der franséischer Säit déi Infrastrukturen a Servicer ze finanzéieren, déi d'Bierger vun hire Gemengen erwaarden, an net d'Chrëschtdekoratioun vun de Gemengen, wéi den Dominique Gros an Uspillung op eng Ausso vum Xavier Bettel gesot huet. Déi Ausso fënnt hien onzoumuttbar, dorëms géif et nämlech net goen. Wa Lëtzebuerg sech zur Groussstad wéilt entwéckelen, da misste si Rücksicht op hiert Ëmfeld huelen, fënnt de Dominique Gros.

E Kampf ëm d'Aarbechtskraaft

Lëtzebuerg huet sech bis elo géint esou eng Kompensatioun gewiert an éischter eng finanziell Participatioun un Investissementer an Aussiicht gestallt a grouss Parkplazen déisäits eiser Grenz zum Beispill.

Fir den Dominique Gros geet et awer ëm méi wéi just ëm Parkingen: et géif drëm goen, datt Frontalieren zwar zu Lëtzebuerg géife schaffe goen, mee datt Lëtzebuerg sech net misst ëm déi Frontaliere këmmeren.

Den Dominique Gros léisst och d'Argument net zou, datt Lëtzebuerg dank senger gudder wirtschaftlecher Situatioun dozou géif bäidroen, datt et an der Groussregioun manner Chômage gëtt. Fréier wier dat de Fall gewiescht, mee hautdesdaags géif een Dokteren an Ingenieuren op Lëtzebuerg lackelen, déi wieren a Frankräich net am Chômage.

De Buergermeeschter vu Metz schwätzt vun enger Kompetitioun ëm d'Aarbechtskraaft. Metz hätt Problemer fir Buschaufferen ze fannen, well déi all op Lëtzebuerg géife schaffe goen. Et géif also net nëmmen drëm goe fir de Chômage an der Groussregioun ze bekämpfen.