Et wier ee sech der aktueller Situatioun bewosst, an et wier een amgaang un engem Gesetz fir Kollektivverträg ze schaffen, sou den Aarbechtsminister Georges Engel, mee et géif nach kee konkrete Plang fir Lëtzebuerg ginn.
"[et geet] drëms d'Leit dozou ze kréien, datt se Kollektivverträg maachen. Dat heescht d'Patronen an d'Gewerkschaften. Ech mengen, datt d'Demande vun de Gewerkschafte grouss ass. An datt mir musse kucken een Ureiz ze schafen deen et mécht, datt d'Kollektivverträg fir déi zwee virdeelhaft sinn."
Weider heescht et an der Direktiv, datt de Mindestloun all zwee respektiv véier Joer vun de Sozialpartner soll ugepasst ginn. Dat mécht Lëtzebuerg souwisou schonn all zwee Joer.