Et wier awer "extrem komplizéiert" gi fir weider Leit aus Kabul ze evakuéieren, huet den Ausseminister de Mëtteg virun der Press betount.
E Representant vun der Arméi zu Islamabad huet eis géigeniwwer preziséiert, et géif sech ëm 15 Leit handelen. Lëtzebuerg hätt d'Belsch gefrot fir déi Persounen ze fannen an ze evakuéieren. Dës Leit hu fir humanitär Zwecker mat engem Lien zu Lëtzebuerg geschafft. De Verdeedegungsministère confirméiert dat op Nofro hin.
De Vertrieder vun der Arméi seet, hien hätt Angscht, datt d'Dieren zum Flughafen zu Kabul schonn den Owend zou kéinte goen an dann och zou bleiwen. Dat géif bedeiten, datt keng Evakuatioune méi méiglech wieren. Hie selwer géif dowéinst och net méi op Kabul fléien, well ee Réckfluch op Islamabad eventuell net méi méiglech wier.
Éischt Leit si schonn evakuéiert
15 aner Leit sinn iwwerdeems de Moien zu Melsbroek gelant. Bei dëse Leit ass och déi Famill mat dräi Kanner derbäi, grad ewéi véier Persounen aus där hirem Ëmfeld. Et ass och eng Riichterin, déi am Afghanistan a Gefor war, mat hirer Famill zu Melsbroeck gelant. Si solle lo an den nächste Stonne mat engem Bus op Lëtzebuerg kommen.
Zwou aner Persoune vun der Lëscht ware schonn an Holland an a Frankräich gelant. Sechs weider Leit, déi och opgeholl solle ginn, goufe schonn a Spuenien evakuéiert, d'Europäesch Unioun hätt dat koordinéiert, seet de Jean Asselborn.
De Jean Asselborn an de François Bausch hunn op der Pressekonferenz ënnerstrach, datt et ouni d'Hëllef vun der Belsch an Holland net méiglech gewiescht wier déi Leit ze evakuéieren.