Nodeems déi radikal-islamesch Taliban d'Muecht an Afghanistan iwwerholl hunn, huet Däitschland seng staatlech Entwécklungshëllef agefruer. Lëtzebuerg wéilt een anere Wee goen an een An op déi neisten Entwécklungen halen, mécht de Franz Fayot däitlech.
Lëtzebuerg ënnerstëtzt zesumme mat Partneren e Projet fir Drénkwaasser-Infrastrukturen an Afghanistan, an zesumme mat der UN-Organisatioun FAO e Projet fir Liewensmëttelsécherheet.
"Bei all deene Projete muss een elo kucken, ob se nach ëmsetzbar sinn an deem neie Kontext. Si gi sécher warscheinlech méi lues ëmgesat, wa se iwwerhaapt nach kënnen ëmgesat ginn. Mee ech mengen et ass elo ze vill fréi fir ze soen à ce stade, datt mer elo radikal alles ophalen."
De Moment wéist een net genee wat d'Absichte vun den Taliban wieren, esou de Franz Fayot. Hir Grondideologie wier awer net favorabel fir eng Entwécklungshëllef.
Dem Minister no, soll een awer net ausschléissen, datt dat wat an de leschten 20 Joer an Afghanistan - och mat Lëtzebuerger Hëllef -opgebaut gouf, ofgeséchert oder ausgebaut kéint ginn. Et misst een "am Sënn vun de Leit am Afghanistan agéieren" an weiderhin d'Rahmebedingungen an d'Mënscherechter verbesseren.
Dëst wier eng "ganz staark Prioritéit vun der Lëtzebuerger Kooperatioun", esou de Minister. Generell géif och d'Hëllef am humanitäre Beräich an Afghanistan méi wéi jee gebraucht ginn, och wéinst der wahrscheinlecher grousser neier Flüchtlingswell.
An engem Communiqué vun der Regierung heescht et weider, datt Lëtzebuerg 2021 am Ganzen 2,35 Millionen Euro fir Projeten am Afghanistan ausgëtt.