Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Liam Gallagher - Wall Of Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg weider interessant fir Euro-Composites

Industriebetrib

Lëtzebuerg weider interessant fir Euro-Composites

160 Milliounen Euro wëllt den Industriebetrib Euro-Composites bis 2030 zu Lëtzebuerg investéieren. Am Haaptsëtz vum Grupp an der Industriezon zu Iechternach gouf viru knapp engem Mount eng deementspriechend Konventioun mat der Regierung, der Stad Iechternach a mat der Société nationale de crédit et d'investissement SNCI ënnerschriwwen.

auto_stories

3 min

Als Géigepartie kréich een d'Sécherheet, datt d'Entreprise um Site zu Iechternach weider ka wuessen, duerch e méi liichten Zougrëff op Terrainen fir nei Produktiounshalen, seet den Direktiounsmember vun Euro-Composites. Zanter der Grënnung vun Euro-Composites 1984 wier een allgemeng ganz zefridde mat der Ënnerstëtzung duerch d'Regierung, egal wéi eng Parteien un dëser bedeelegt waren oder sinn.

"Wir sind ja jetzt schon seit 35 Jahren in Echternach. Und wir sagen immer scherzhaft, das Wirtschaftsministerium ist der beste Unternehmensberater den wir jemals gehabt haben, weil die Wege zu denen sind wirklich sehr kurz, der Support ist genial. Und die sind wirklich am Puls der Zeit mit dem was sie tun."

Rüstungstechnik kee grousst Thema bei Euro-Composites

E groussen Deel vum Ëmsaz mécht Euro-Composites mat der Produktioun fir Deeler fir d'Loftfaart. Fir de Rüstungsberäich produzéiert d'Entreprise z.B. fir den Eurofighter, fir Radaranlagen a fir Waffesystemer. Et stéiert den Horst Willkomm och net, datt Euro-Composites als Rüstungsbetrib betitelt gëtt, well am Prinzip wier ee keen. Den Undeel u "Wehrtechnik" bei Euro-Composites zu Iechternach wier zwee Prozent, um Site an den USA géif ee bësse méi héich leien.

"Wir liefern Komponenten und sind halt oft mit dem Dual Use-Problem geplagt. Ich kann mit einem Fußboden einen Bus bestücken der Schulkinder fährt, ich kann aber eben auch einen Mannschaftstransporter bauen, damit der Soldaten transportiert."

Lëtzebuerg: Schwéiert Ëmfeld fir Produktiounsentreprisen

"Am Beräich Ëmwelt ginn de Produktiounsbetriber vill Steng an de Wee geluecht". Déi Kritik formuléiert den Diplom-Kaufmann Horst Willkomm vun Euro-Composites. D'Ufuerderungen am Beräich Kaméidi géifen ëmmer méi haart ginn a si wieren "net ganz realitéitsno", sou den Direktiouns-Member vum Industriebetrib vun Iechternach. Et kéint een awer net soen, datt d'Situatioun sech verschäerft hätt, zanter déi Gréng 2013 an der Regierung sinn, esou den Horst Willkomm.

Mat der Ënnerstëtzung duerch déi lëtzebuergesch Regierung an de leschte 35 Joer wier een awer allgemeng ganz zefridden.

Mataarbechtermangel ass een Thema

D'Entreprise ass eegener Ausso no e "Global Player" an een "hidden Champion" am Beräich vun den héichwäertege Verbund-Werkstoffe. Produzéiert gëtt zu Iechternach, zu Bitburg an an den USA Deeler fir d'Loft- an d'Raumfaart, fir Zich, Schëffer a fir de Rüstungsberäich.

De Grupp beschäftegt weltwäit ronn 1.100 Mataarbechter. Zu Iechternach sinn et der ronn 850. Momentan wier et immens schwéier, fir an der Groussregioun déi richteg Mataarbechter ze fannen, sou den Direktiounsmember vun Euro-Composites. Et géif een och selwer ausbilden a mëttlerweil reegelrecht Tournéeën duerch d'Schoulen an Däitschland a Lëtzebuerg maachen. Bei de Fachaarbechter wier et schwéier a bei Ingenieure wier et mëttlerweil extrem schwiereg. Lëtzebuerg wier iwwerdeems duerch Ännerungen an der Besteierung net méi sou attraktiv, wéi nach virun e puer Joer.