EU-Klimapolitik Lëtzebuerg wëllt ambitiéis CO2-Ziler am Transport

D'Europäesch Kommissioun presentéiert e Mëttwoch nei Emissiounsziler fir den Transport, méi genee fir Camionen, Bussen an aner schwéier Gefierer. Am Virfeld leet Lëtzebuerg zesumme mat dräi aneren EU-Länner eng Rei vu konkrete Mesuren op den Dësch. Déi véier appelléieren un d'EU-Kommissioun, fir CO2-Emissioune bis 2025 een Zil vun op d'mannst 24 Prozent virzegesinn.

Danièle Weber / cbi

Exklusiv Camion
Foto: Bigstock / IvanSpasic

30 Prozent manner CO2-Emissioune bis 2030. Dat Zil hat d'Kommissioun am November fir Autoe presentéiert. Elo sinn d'Camionen an d'Bussen un der Rei. Déi nei Ziler sollen e Mëttwoch presentéiert ginn.

Am Virfeld mécht Lëtzebuerg Drock op d'Kommissioun. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Transportminister François Bausch hunn zesumme mat hire Kolleegen aus Irland, Holland a Litauen ee Bréif un d'Kommissioun geschriwwen.

24 Prozent CO2-Reduktioun bis 2025

Camione maachen zwar nëmme fënnef Prozent vun de Ween op de Stroossen aus, si sinn awer fir ee Véierel vun den Emissioune verantwortlech. Dofir wier dee Secteur besonnesch wichteg, heescht et an engem Bréif.

"Mir sinn der Meenung, datt et elo de Moment ass, fir eng Propos ze maachen déi d'Strooss hält, an déi virun allem dofir suergt, datt mir eis Paräisser Ziler kënnen anhalen", sou d'Lëtzebuerger Ëmweltministerin Carole Dieschbourg.

CO2-Emissioune sollen an der ganzer EU ëm 40 Prozent reduzéiert ginn. Fir dat ze erreeche misst ee bei Camionen a Bussen e puer Tëschenetappen an de Reduktiounsziler virgesinn, heescht et am Bréif.

Wichteg wier et als éischt Zil eng Reduktioun vun op d'mannst 24 Prozent vum CO2 bis 2020, an da fir 2030 een zweet Zil tëscht 35 a 45 Prozent festzehalen, erkläert d'Carole Dieschbourg.

64 Prozent CO2-Emissiounen aus dem Transport

Nieft den Emissiounsziler fuerderen déi véier Länner och contraignant Verkafsziler fir Camionen a Bussen, déi emissiounsaarm sinn. D'Kommissioun sollt ausserdeem bis 2019 Emissiounstester aféieren, déi op der Strooss gemaach a vun onofhängegen Instituter iwwerpréift ginn.

Och bei den Emissiounsziler fir Autoen hat sech Lëtzebuerg mat engem Schreiwes un d'Kommissioun geriicht, deemools hate siwe Länner ënnerschriwwen.

Dräi EU-Länner hunn dës Kéier eege Bréiwer un d'Kommissioun geschriwwen. Niewent Schweden a Finnland ass dat Frankräich. Paräis nennt keng konkret Chifferen, freet awer, datt ee sollt d'Limitten un de Gebrauch vun de Ween upassen an zum Beispill fir déi, déi an der Stad fueren, méi streng sollt si wéi bei deenen, déi laang Distanze fueren.

"Et ass richteg, am Beräich vun den Autoe ware mir nach zu méi, mee mir wollten dës Propos nach virun der Publikatioun vun der Kommissioun maachen", sou d'Lëtzebuerger Ëmweltministerin.

Europawäit mécht den Transport 25 Prozent vun den Emissiounen aus, zu Lëtzebuerg sinn et 64 Prozent. Dowéinst wier et, sou d'Carole Dieschbourg, besonnesch wichteg, datt am Grand Duché Ziler am Transport Beräich ambitiéis sinn an och agehale ginn.


D'Danièle Weber am Panorama den 11. Mee um 7 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

4 EU-Kommissäre presentéieren nei Mesurë fir propper Autoen
Klimaschutz

D'EU-Kommissioun huet nei Ziler presentéiert, fir d'Emissioune vun Autoen ze reduzéieren. 30 Prozent manner CO2 solle bis 2030 ausgestouss ginn. Quote fir Elektro-Autoe sollen net virgeschriwwe ginn.

Laurent Pfister
Ëmwelt

Dëst Joer ass Europa, virun allem am Fréijoer, vun enger staarker Hëtzt betraff. Gläichzäiteg gëtt awer och d'Héichwaasser uechter Europa an och zu Lëtzebuerg ëmmer méi onberechenbar.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen