Defense Lëtzebuerger A400M prett fir Testflich
De Lëtzebuerger Militärfliger A440M, ass fäerdeg lackéiert a prett fir éischt Testflich ze absolvéieren. De Constructeur Airbus huet e Video op Twitter publizéiert, op deem ze gesinn ass, wéi de Fliger lackéiert gëtt an aus dem Hangar erausrullt.

De Kaf vum Fliger gouf 2001 decidéiert, an de Käschtepunkt op 85 Milliounen Euro geschat. Deemools gouf dovu geschwat, datt en 2013 fréistens kéint ausgeliwwert ginn. Déi Liwwerung gouf awer ëmmer erëm no hanne verréckelt, bis d'Lëtzebuerger Wort virun dräi Wochen gemellt hat, e kéint den nächste Juni kommen. Den Akafspräis läit leschten Donnéeën no bei 197 Millionen Euro. Dobäi komme 420 Milliounen Euro Fraise fir de Fliger iwwer 35 Joer ze bedreiwen.