Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Arméi bleift an Afghanistan engagéiert

NATO-Missioun

Lëtzebuerger Arméi bleift an Afghanistan engagéiert

D'Bedeelegung vun der Arméi un der NATO-Missioun "Resolute Support" fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcë soll bis 2020 verlängert ginn. Nieft engem Lëtzebuerger Ënneroffizéier, soll vun dësem Hierscht un zousätzlech ee Lëtzebuerger Zaldot als Camions-Chauffeur zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert ginn.

auto_stories

2 min

Déi aktuell Missioun vun der NATO an Afghanistan hat Ufank 2015 ugefaangen. Dat war nom Enn vun der ISAF-Missioun fir Sécherheet an Nei-Opbau, déi bis Enn 2014 gedauert huet, an un där Lëtzebuerg och bedeelegt war.

Déi aktuell NATO-Berodungs-Missioun géif nach vun der afghanescher Arméi gebraucht ginn, seet den Direkter vun der Defense Patrick Heck. Déi afghanesch Arméi hätt wuel Fortschrëtter gemaach, mee si kéint nach net komplett eegestänneg aktiv sinn. "Deemno huet d'NATO decidéiert, a mir hunn déi Decisioun mat gedroen, datt mir déi Beroder-Missioun vun der NATO wëlle weider féieren."

Präsenz bis 2020

Et wier och decidéiert ginn, en zweete Mann an Afghanistan ze schécken. Nieft engem Lëtzebuerger Ënneroffizéier, soll vun dësem Hierscht un zousätzlech ee Lëtzebuerger Zaldot als Camions-Chauffeur zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert ginn. Déi Decisioun wier zesumme mat Däitschland geholl ginn, seet de Patrick Heck. Däitschland wier op Lëtzebuerg duerkomm an hätt eng Rëtsch Poste proposéiert.

Et wier elo geplangt, fir bis 2020 ze bleiwen. De Règlement Grand-Ducal, deen den Afghanistan-Asaz regelt, hätt misste verlängert ginn, sou de Patrick Heck.

D'Ziler vun der NATO-Missioun an Afghanistan hätten zënter 2015 net geännert, seet de Patrick Heck. Et géif dorëm goe fir déi afghanesch Arméi ze beroden. "Vum strategeschen, wéi een eng Arméi organiséiert, wéi een e Budget plangt, wéi e rekrutéiert, wéi een d'Leit forméiert bis hin zu taktescher Bewegung um Terrain."

Diskussioun iwwer Asaz "imposéiert sech"

Et wier net falsch, datt Lëtzebuerg solidaresch ass, an an Afghanistan engagéiert bleift, seet den CSV-Deputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf. D'Situatioun um Terrain an Afghanistan sech awer an de leschte Jore verännert. Dofir wier et ganz wichteg, datt een am Fong iwwer d'Problematik sollt diskutéieren, a kucken ob et nach Sënn mécht do ze bleiwen oder net. "Also déi Diskussioun imposéiert sech. Mee Lëtzebuerg soll Solidaritéit weisen."

Den Deputéierte vun Déi Lénk Marc Baum wënscht sech eng Diskussioun doriwwer, ob d'Militärpräsenz an Afghanistan net méi schiedlech wéi nëtzlech wier.