Arméisgewerkschaft Lëtzebuerger Arméi kritt am Hierscht en neie Chef

D'Lëtzebuerger Arméi kritt am Hierscht en neie Chef. Den aktuelle Chef vum État-Major wëllt nach dëst Joer an d'Pensioun goen. Wie säin Nofollger gëtt, wier am Moment nach net gewosst, seet den Alain Duschène. Den zoustännege Minister wier amgaang no engem Successeur ze sichen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Alain Duschène
Den Alain Duschène wëllt am Hierscht an d'Pensioun goen

D'Arméi ass am Fong bekannt fir Hierarchie an Disziplin. Mee déi sougenannt Affär Schleck suergt schonn zanter Woche fir Onrou a se wier net gutt fir den Image vun der Arméi, seet den Alain Duschène. Wéinst der Affär hat d'Gewerkschaft vun der Force publique dës Woch op en Neits de Récktrëtt vum Alain Duschène gefrot.

Dee wëllt awer net op dës Fuerderung agoen. Hien hätt vill Réckhalt a vill Leit géife soen, hie sollt bleiwen a sollt net goen. "Dofir bleiwen ech op menger Plaz." Hie géif probéieren "dat Doten an de Grëff ze kréien a meng Aarbecht esou gutt weiderzemaachen, wéi dat bis elo gaangen ass".

"De Christian Schleck kann net op sengem Stull pechen"

De Virworf, datt hien de Gewerkschaftspresident Christian Schleck hätt wëlle strofversetze wier falsch, betount den Alain Duschène. De Christian Schleck hätt bannent der Arméi sollen enger aner Funktioun kréien, well dat an der Arméi all puer Joer üblech ass. An un dësem Rotatiounsprinzip géif d'Arméi och weider festhalen.

Et ass mëttlerweil kloer, datt de SPAL-Gewerkschaftspresident Christian Schleck seng aktuell Funktioun an der Arméi ka behalen. Hie kéint do och sou laang bleiwen, "wéi mir mengen, datt hien do op där Plaz gebraucht gëtt", seet den Alain Duschène. De Christian Schleck kéint awer net "op sengem Stull festpechen":

"Also, ech mengen, an enger Administratioun, do muss ee kucken, datt d'Administratioun funktionéiert. An da muss ee kucken, wéi een d'Leit ronderëm dréit. Ech mengen, et ass am Interêt vun de Leit, wa si eng gewëssen Zäit op enger Plaz sinn, datt si dann d'Méiglechkeet kréie fir an der Hierarchie ze klammen a fir eppes anescht ze erliewen."

Et géif een op senger Plaz eppes léieren, an et géif een dat dann och ëmsetzen. "Iergendwann ass et gutt fir eppes anescht ze maachen, fir och deenen anere Leit matzedeelen, wat si do geléiert hunn."

"Mir hunn e Büro Ressources humaines, dee kuckt, wéi an der ganzer Arméi d'Situatioun vum Personal ass. Et ass jo esou, datt ëmmer erëm Leit a Pensioun ginn, datt Leit fort ginn, et ass esou, datt emol en neie Poste geschaf gëtt. Et ass esou, datt jonk Leit all Joers nei erakommen, an déi drécken déi ganz Personalstruktur no uewen. Dann ass et also ganz normal, datt een iergendwann säi Stull muss réckelen."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Henri Kox
Récktrëttsfuerderungen

D'CGFP seet, den Henri Kox hätt Falschaussoen an der Chamber am Dossier ronderëm d'Reaffektatioun vum Christian Schleck gemaach. Bis d'Chamber dat gekläert hätt, géif d'Gewerkschaft keng Positioun bezéien.

Pascal Ricquier, Christian Schleck, Marc Kohnen
Streitfall Christian Schleck

De Syndicat vun de Forces publiques gëtt net op, an d'Affär Christian Schleck spléckt weiderhin d'Arméi, obwuel de President vun der Arméigewerkschaft SPAL säi Poste behält.

Christian Schleck SPAL
Arméi

De President vun der Arméis-Gewerkschaft Spal, de Christian Schleck, däerf op sengem Posten am Recrutementsbüro vun der Arméi bleiwen a gëtt bis op Weideres net versat. Dat confirméiert den Arméi-Minister François Bausch.

Alain Duschène
Arméigewerkschaft

De SPAL-President Christian Schleck hätt festgehalen, datt hien net Demandeur fir en neie Poste wier, bestätegt de Chef d'État-Major Alain Duschène. De Christian Schleck wier awer net strofversat ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen