Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Campinge maachen hire Comeback

Vakanz Doheem?

Lëtzebuerger Campinge maachen hire Comeback

Mat den éischte Lockerunge vum Confinement hunn iwwer de Weekend och eng Rei Lëtzebuerger Campingen hir Aktivitéit erëm lancéiert. Déi meescht hunn an de leschte Wochen noutgedronge missten zoumaachen, well keng Gäscht méi komm sinn. Mëttlerweil wieren erëm éischt Reservatioune vu Clienten erakomm - mee nach ass net alles wéi virun der Kris: Restauranten, Piscinnen a Spillplaze musse bis op Weideres nach zou bleiwen an och op de Campinge gëllen déi nämmlecht Sécherheetsmesurë wéi op anere Plazen am Land.

auto_stories

4 min

Wärend der Kris goufen d'Campingen, genee wéi d'Hoteller net offiziell vun der Regierung zougemaach, mee ouni Clienten ass et schwéier sech iwwer Waasser ze halen, erkläert d'Linda Gedink, Generalsekretärin vu Camprilux, dem Daachverband vir Lëtzebuerger Campingen.

Duerch d'Opmaache vun der Grenz kënnen op d'mannst déi däitsch Touristen nees an d'Land kommen. Mee d'Lëtzebuerger Campinge géife virun allem vu belschen an hollänneschen Touriste liewen.

"Aus Holland, do gëtt et eng Méiglechkeet, fir duerch d'Belsch Transit ze fueren, wann een eng bestätegt Reservatioun huet. Dat heescht, da muss een déi weisen, an da kann een ouni unzehalen an der Belsch duerchfueren."

Belsch Bierger dierfte selwer awer nach net iwwer d'Grenz fir zu Lëtzebuerg Vakanz ze maachen, erkläert d'Linda Gedink. Zanter datt e Freideg hire Camping Auf Kengert am Mëllerdall nees opgemaach huet, wieren och schonn eng Rei Reservatioune gemaach ginn.

D'Piscinne, d'Spillplaz an de Restaurant sinn den Ament nach zou. Nieft den normale Sécherheetsmesurë vu Masken an 2-Meter Ofstand, hätte si och eng Rei Adaptatiounen an hire sanitäre Gebaier gemaach. All zweete Lavabo ass beispillsweis gespaart an et gouf e One-Way-Circuit agezeechent. Et géif een d'Leit awer och motivéieren fir esou vill wéi méiglech Saachen an hirer eegener Caravanne oder an hirem Zelt ze maachen.

Alldag um Camping: Ganz anescht wéi virdrun

Och um Camping Krounebierg zu Miersch ginn d'sanitär Anlagen elo méi dacks desinfizéiert, et géif een awer och op de gesonde Mënscheverstand vun de Clienten zielen, esou d'Bedreiwerin Sylvana Jansen.

<

No bal siwe Méint huet och si hire Camping e Samschdeg nees opgemaach, ronn sechs Woche méi spéit wéi geplangt. A wéinst der Kris wier et duerch déi vill Annulatiounen zu Abousse komm. Net nëmmen am Camping selwer, mee och an der Restauratioun.

Hiren eenzege Gaascht wier frou erëm mat sengem Camperwon op engem Camping kënnen ze stoen. Trotzdeem géif sech et nach net esou uspiere wéi virdrun.

"Ich denke, an einem Tag wie heute wäre vor der Krise der Camping voll gewesen. Jetzt läuft man mit Maske rum, und es ist schon alles anders."

All Euro zielt

Et kéint nach eng Zäitchen dauere bis de Betrib nees uleeft, mengt nach d'Sylvana Jansen. Mee si wier frou, datt sech fir Christi Himmelfaart schonn eng Rei däitsch an hollännesch Famillen ugemellt hätten."

D'Sylvana Jansen

"All Euro deen elo erakënnt, ass erëm een. A mir mussen elo och un eis selwer denken, a mir mussen och iwwerliewen. A bis lo ass et gaangen, mee et geet net méi laang fir de Camping zouzeloossen."

Hei am Land géif et ronn 80 Campinge ginn, vun deene bis elo nach keen a Faillite gaangen ass, mengt d'Generalsekretärin vu Camprilux.

"Mee et hänkt alles dovu of, wéi elo de Summer gëtt. Wa mer do net genuch erakréien, da gëtt de Wanter batter, mir verdéngen eis Suen am Summer an iwwer de Wanter liewe mer dovunner. A well een elo schonn u seng Reserve gaangen ass, brauch een och elo de Summer fir dat kënnen ze packen."

Op d'mannst fir Christi Himmelfaart hätte sech bei hinne scho ronn 40 Famillen ugemellt, esou nach d'Linda Gedink. Wann och manner wéi soss, wier et besser wéi näischt. De Campingsecteur leeft elo lues a lues nees un an och eng Rei Lëtzebuerger Famillen hätte schonn Interessi gewisen.

"Campinger hei zu Lëtzebuerg si gutt opgestallt, also ech menge mir kënnen eis mam Ausland ganz gutt vergläichen. An et wier vläicht och mol flott als Lëtzebuerger mol erëm eng Kéier déi schéin Ecker, déi mir hei am Land hunn, ze entdecken."