Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Murder Of Birds (Undressed) Feat. Guy Garvey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Firma méiglecherweis aBombardéierung vun Ziviliste verwéckelt

Operatioun Sirli

Lëtzebuerger Firma méiglecherweis aBombardéierung vun Ziviliste verwéckelt

Frankräich soll Ägypte vun 2016 u gehollef hunn Deeler vun der Grenz mat Libye militäresch ze iwwerwaachen. Heibäi sollen Zivilisten ëmbruecht gi sinn, mellt d'ONG "Disclose". Och eng Lëtzebuerger Firma soll implizéiert sinn.

auto_stories

6 min

D'ONG "Disclose" zitéiert an hirer Recherche aus internen Dokumenter vum franséische Militär. Et soll ëm d'Militäroperatioun "Sirli" goen, déi am Februar 2016 ugefaange soll hunn.

De franséische Militärgeheimdéngscht (DRM) hätt dës Missioun ursprénglech zesumme mam ägyptesche Militär ugefaangen, fir d'Grenz mat enger Längt vun 1.200 Kilometer tëschent Ägypten a Libyen ze sécheren an ze verhënneren, datt Terroristen iwwer d'Grenz kéinte kommen. Déi genee Missioun an Objektiver hätte solle an engem Accord festgehale ginn - esou een Dokument gouf "Disclose" no awer ni ënnerschriwwen.

Ägypten hätt dës Kooperatioun spéider mëssbraucht an dovunner profitéiert fir ënner anerem Schmuggler ëmzebréngen.

Déi franséisch Zaldoten op der Plaz sollen zwar reegelméisseg hir Bedenke geäussert hunn, allerdéngs krute si kee Gehéier geschenkt. Souwuel de fréiere franséische President François Hollande, wéi och den aktuelle President Emmanuel Macron sollen heiriwwer Bescheed gewosst hunn.

Am Abrëll 2016 soll Ägypte 24 Fligeren an zwee Krichsschëffer vu Frankräich am Wäert vu 5,6 Milliarden Euro kaaft hunn.

Lëtzebuerger Firma soll implizéiert sinn

Aus de Recherchë vun "Disclose" geet ervir, datt och eng Lëtzebuerger Firma bei dëser Militärmissioun bedeelegt gewiescht soll sinn. D'Firma "CAE Aviation", déi 1971 gegrënnt ginn ass, soll mat sechs Leit involvéiert gewiescht sinn: zwee Piloten a véier Analysten.

Weider soll d'Firma dem franséische Militär ee Fliger vum Typ Merlin III verlount hunn, aus deem d'Iwwerwaachung gemaach soll gi sinn. "CAE Aviation" hätt net wëllen op d'Froe vun "Disclose" äntweren, esou d'ONG.

D'Lëtzebuerger Firma "CAE Aviation" soll Estimatioune vun "Disclose" no zanter 2016 alles an allem 18,8 Milliounen Euro ausbezuelt kritt hunn. Op Nofro vum radio 100,7 huet sech d'Firma bis zum Redaktiounschluss net geäussert.

Iwwerwaachung iwwer der Wüüst

Bei dëser Militärmissioun sollt d'Wüüst mat enger Fläch vu 700.000 Quadratkilometer iwwerwaacht ginn, esou "Disclose." Alles an allem sollen zéng Agenten hei an den Asaz komm sinn: véier Zaldoten a sechs fréier Zaldoten, déi dann an d'Privatwirtschaft gaange sinn a bei "CAE Aviation" geschafft hunn.

Bei de Flich iwwer d'Wüüst wier ëmmer een Zaldot vum ägyptesche Militär mat derbäi gewiescht fir Gespréicher ofzelauschteren. Ursprénglech wier de Plang gewiescht, fir opgrond vun dëse Gespréicher erauszefannen, ob et eng Gefor gëtt, a vu wiem d'Gefor ausgeet.

Haaptzil: Schmuggler, net Terroristen

Allerdéngs weisen d'Recherchë vun "Disclose", datt et zu där Zäit quasi keng Terroriste ginn, déi sech vu Libyen iwwer d'Grenz an Ägypten ofsetzen. Et wiere virun allem Jonker tëschent 18 an 30 Joer, déi Zigaretten, Drogen, Waffen, oder awer Make-up iwwer d'Grenz schmuggelen.

Am Schnëtt géif een an der Regioun ëm Marsa Matruh knapp 6 Euro den Dag verdéngen - mam Schmuggele kréich ee pro Aller-Retour 3.800 Euro. An enger Regioun, wou eng 50 Prozent ënner der Aarmutsgrenz liewen, géife vill Jonker de Risiko gären a Kaf huelen.

Relativ fréi hätt sech erausgestallt, datt Ägypten Informatioune vun der Operatioun "Sirli" benotzt hätt fir op dës Schmuggler ze schéissen a se geziilt ëmzebréngen.

Aus engem Rapport, deen "Disclose" publizéiert huet, geet ervir, datt déi franséisch Zaldoten dat schonn den 20. Abrëll 2016 - also knapps zwee Méint, nodeems d'Operatioun "Sirli" ugefaangen huet - dat hire Virgesetzte gemellt huet. Véier Méint méi spéit hu se dat op en Neits gemellt - ouni Resultater.

Am Summer 2016 sinn d'Zaldote vum franséische Geheimdéngscht DRM sech eens, datt et fir d'Missioun "Sirli" net vill Interêt gëtt. An de Regioune Sinaï an a Libyen, wou et eng reell Terrorgefor gëtt, hätten d'Zaldote keng Autorisatioun fir Iwwerwaachungen ze maachen.

An enger Nott vum 1. Juni 2017 hätt déi franséisch Arméi festgehalen, datt d'Bekämpfung vun Terrorismus fir Ägypten op Plaz 3 vun de Prioritéite léich - hanner Schmuggel an illegaler Immigratioun.

Ass Frankräich mat schëlleg?

Trotzdeem hätt Ägypten ëmmer méi vun de Fransouse verlaangt: d'Iwwerwaachungsinformatioune sollte méi séier un dat ägyptescht Militär iwwerdroe ginn. D'Zaldoten op der Plaz weise sech heiriwwer zwar besuergt, mee d'Fransouse ginn där Demande no.

Wéi "Disclose" schreift sinn d'Zaldote vun der "Sirli"-Missioun de 26. September 2016 vum Flughafe vu Marsa Matruh mat der Merlin III fortgeflunn. Nodeems se eng dräi Stonnen iwwer der Wüüst patrulléiert sinn, hu se e puer Pick-Up-Trucken an der Wüüst fonnt. Si hunn dës Informatioun da wéi verlaangt dem ägyptesche Militär iwwerginn.

Kuerz drop soll e Fliger vum Typ Cessna 208 opgedaucht sinn. Wéi d'Sirli-Missioun 43 Minutte méi spéit iwwer déi selwecht Plaz flitt, steet ee Gefier a Flamen. Den Dag drop schreift de franséische Militärgeheimdéngscht an engem Rapport: "La frappe a très probablement été perpétrée par le Cessna 208 de l'armée égyptienne." E puer Deeg drop huet déi ägyptesch Regierung annoncéiert, datt si aacht Pick-Up-Trucke mat hire Chauffeuren zerstéiert hunn. "En fournissant leur localisation, l'Etat français s'est rendu complice d'une exécution arbitraire", schreift "Disclose".

D'ONG "Disclose" seet, hir Recherchen hätten erwisen, datt et tëschent 2016 an 2018 op d'mannst 19 dëser Bombardementer gouf, bei deenen Zivilisten ëm d'Liewe komm sinn. Pro Bombardement wieren ëmmer e puer Autoen zerstéiert ginn - d'Zuel vun den Doudesaffer kéint "Disclose" no deemno bei e puer Honnert leien. Spéiderhi sollen och F-16 Fligeren agesat gi sinn.

Op Nofro vun "Disclose" hätte weder de franséische President Emmanuel Macron, nach den Arméisminister sech wëllen äusseren. Och de fréieren Direkter vum Militärgeheimdéngscht Christophe Gomart gëtt mat dëser Ausso zitéiert, den DRM hätt:

" jamais donné de renseignement ayant permis, à [sa] connaissance, d'aller détruire des civils ou d'aller exécuter des gens. " Il insiste : " Si j'avais fait un tel constat, j'aurais préconisé de stopper la mission et de refaire un point avec les autorités égyptiennes. "

Ufanks 2021 soll Ägypte weider 30 Krichsfliger am Wäert vun 3,6 Milliarden Euro bei Frankräich bestallt hunn, esou "Disclose".


Update vum 24. November:

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nathalie Oberweis (déi Lénk) schreift den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP), datt d'Lëtzebuerger Regierung vun der Operatioun Sirli net gewosst hätt. De Kontrakt wier tëschent Frankräich an "CAE Aviation" ofgeschloss, an déi Lëtzebuerger Regierung hätt dëse Kontrakt net gesinn. Dofir kéint een dësen och net kommentéieren, et wieren och keng diplomatesch Demarchë virgesinn. Den Ausseminister gesäit Lëtzebuerg och net als mat-schëlleg fir méiglech Ugrëff op Zivilisten.