Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Fuerscher verléiert säin Job no Kritik un der Regierung

100,7-Recherche

Lëtzebuerger Fuerscher verléiert säin Job no Kritik un der Regierung

Wéi vill Kritik un der Regierung kann ee Fuerscher sech erlaben? De Lëtzebuerger Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa huet kuerz no den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer seng Aarbecht hei am Land verluer. Him gouf - eegenen Aussoen no - matgedeelt, et hätt Drock aus politesche Kreesser ginn. Kuerz no engem RTL-Reportage, an deem hien der Regierung Versoen virgeheit huet, krut den Doktorand säi Kontrakt bei der Firma RSS-Hydro zu Diddeleng gekënnegt. Den Direkter vun do confirméiert dat, seet awer hien hätt d'Decisioun getraff "fir politeschen Drock ze verhënneren - a seng aner Mataarbechter ze schützen."

auto_stories

6 min

"Regierung huet versot a punkto Preventioun", esou een Deel vun der Schlagzeil, déi Méindes den 13. September d'lescht Joer op rtl.lu ze liese war. Et ass een Zitat aus engem Interview mam Jeff Da Costa. Theema: D'Iwwerschwemmung vu Mëtt Juli an d'Reaktioun vun der Regierung. Den Dag selwer felicitéiert säin deemolege Chef Guy Schumann him an engem Mail un déi ganz Ekipp, deen eis virläit: "Gudde Reportage vun RTL, gutt gemaach Jeff". Zu deem Zäitpunkt huet de Jeff Da Costa scho méi wéi zwou Dosen Interviewe ginn, weltwäit. D'international Press gouf duerch en Artikel op "The Conversation" op hien opmierksam. D'Theema ass all Kéier dat selwecht: Politesch Responsabilitéit am Kader vun den Iwwerschwemmungen.

Den Dag drop, Dënschdes, ass d'Firma op der ICT Spring, der Foire fir digital Technologien, op där Vetrieder vu Wirtschaft a Politik passéieren. Owes, beim Patt mat der Firma, mierkt de Jeff Da Costa, datt eppes sech geännert huet:

"Mir gouf dunn vum Här Schumann higedeit, datt verschidde Leit op hien zoukomm wieren op där Foire, a kee gudde Feedback haten zu deem Interview. Ënner anerem, datt ee misst oppasse wann een d'Regierung erwäänt."

Virdru gouf et, dem Jeff Da Costa no, ni een Indice dofir, datt iergendeen seng vill Medienoptrëtter am Kontext vun den Iwwerschwemmungen a Fro géif stellen. Am Géigendeel, op enger Youtube-Säit hat d'Firma houfreg all d'Interviewe compiléiert. D'Säit ass antëscht net méi accessibel. Dem Fuerscher seng zentral Ausso ass ëmmer déi selwecht: D'Previsioune wiere gutt genuch gewiescht, fir d'Populatioun an Europa besser ze warnen, vill Regierungen hätten dat awer net hikritt. Dowéinst hätten Dosende Leit hir Liewe verluer an et wiere Milliarden Euro Schued entstanen.

De Jeff Da Costa schléisst sech domat der Kritik vu senger Doktorats-Tutrice Hannah Cloke un. Déi renomméiert Professesch op der Universitéit Reading an England huet hirersäits déi däitsch Landes-Regierunge schaarf kritiséiert. Si huet als Fuerscherin virun där Kommissioun ausgesot, déi d'Responsabilitéit fir de Schued a Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz opkläre soll. Konkret bezéien de Jeff Da Costa an d'Hannah Cloke sech ënnert anerem op d'Notifikatioune vum EFAS, dem European Flood Awareness System. Dëse Projet vun der Europäescher Kommissioun, deen d'Hannah Cloke mat opgebaut huet, hätt schonn Deeg virun dem Héichwaasser Notifikatiounen un déi concernéiert national Administratioune vun de verschiddene Länner verschéckt, datt mat staarken Iwwerschwemmungen ze rechne wier.

Déi plëtzlech Onrou wéinst dem Inhalt vum RTL-Interview huet de Jeff Da Costa allerdéngs kal erwëscht:

"Et huet u sech guer kee gestéiert, ob dat op CNN war oder der FAZ oder am Essentiel oder Wort, mee soubal et op RTL op der Tëlee, um Radio an Online war, ass et zu engem Problem ginn."

Dat mierkt den Doktorand och méi spéit um Dënschdeg Owend. Do begéint hien an engem Café um Knuedler eng Rei Deputéiert. Wien alles dobäi ass weess hien net, just ee kennt hie vu Gesinn: den Dan Biancalana, LSAP. Hie geet laanscht a seet him Moien.

"An deem Moment wou ech him Moie gesot hunn, huet ee vun den Deputéierten um Dësch gesot, 'Du bass deen, dee schlecht iwwer eis schwätzt', an dat huet bëssi den Toun gesat fir de Rescht vun der Diskussioun."

Vum Dan Biancalana erënnert de Jeff Da Costa sech un dës Ausso: "An du sot en, dat Wuert 'versoen', datt dat géif hänke bleiwe bei de Leit an datt dat net gutt wier."

Den Diddelenger Buergermeeschter erënnert sech de Jeff Da Costa um Knuedler gesinn ze hunn an och mat him iwwer den RTL-Reportage geschwat ze hunn. Hie weess och nach, datt hien d'Aussoen am Interview "staark" fonnt huet, seet awer datt hien "selbstverständlech keen Drock, weder op den Här Da Costa nach op der Här Schumann, gemaach" hätt. Un d'Ausso vun engem aner Deputéierten erënnert hie sech net.

Mëttwochs probéiert de Jeff Da Costa, säi Chef ze erreechen - spéit Owes kritt hien en dann un den Telefon. Hei widderspriechen sech d'Geschichte vum Guy Schumann a sengem deemolegen Employé: De Chef behaapt, den Jeff Da Costa hätt him hei gesot, datt hien RSS-Hydro misst verloossen, well hie sech ënner Drock géif fillen. De jonken Doktorand seet awer, datt hien probéiert hätt, mam Schumann ze kucken, wéi een eventuelle Schued fir d'Firma kéint verhënneren. En hätt awer net offréiert d'Firma ze verloossen oder ze demissionéieren - fir hie stoung mat dem Job nämlech vill um Spill.

Donneschdes ass an der Firma wéi all Woch Team-Reunioun, mee de Jeff Da Costa kritt gesot hie soll net dobäi sinn. No deem Meeting gouf him gekënnegt, knapp dräi an een hallwe Mount nodeems hien do ugefaangen huet, also matzen an der Proufzäit. An enger Whats-App-Noriicht, déi eis virläit, äntwert de Guy Schumann op dem Jeff Da Costa säi grousst Erstaunen: "Hätt ni geduet, dass et deen Ausmooss sou séier kann huelen. Ech hunn der ëmmer gesot, du muss oppassen, wanns de d'Regierung wëlls erwähnen - dat geet schief aus. An ass et lo och.."

Trotz der Kënnegung bitt de Guy Schumann him méi spéit un, nach weider Tuteur vu senger Dokteraarbecht ze bleiwen. De Jeff Da Costa wëll dat awer net: Fir hien ass d'Vertrauensrelatioun zerstéiert:

"No der Kënnegung hat ech kee Recht op Chômage, kee Recht op Krankekeess a Problemer mat der Aschreiwung op der Uni, vu datt näischt ofgeschwat war, tëscht dem Här Schumann, der Uni a menger Co-Tutrice."

D'Uni huet de Jeff Da Costa explizitt dran ënnerstëtzt, Medienaarbecht ze maachen, dat confirméiert eis d'Tutrice vu senger Dokteraarbecht. Si confirméiert och dem Jeff Da Costa seng Aussoen an ass formell: d'Kënnegung wier net appropriéiert gewiescht. D'Uni vu Reading stellt sech och hannert hien, iwwerhëlt zanter der Kënnegung d'Studiegebühre vu ronn 10.000 Euro d'Joer, déi hie virdrun mat sengem Salaire bezuelt huet.

De Guy Schumann dementéiert vis-à-vis vum Radio 100,7 datt et politeschen Drock ginn hätt. "Ech hunn missten handelen, fir genau dat ze verhënneren. Ech hunn als Patron meng Responsabilitéit fir all meng sechs Mataarbechter." Als Firma kéint een sech net déi selwecht Fräiheeten erlabe wéi als onofhängege Fuerscher, seet hien. Hien hätt dem Jeff da Costa och en commun accord ugebueden - deen huet deen awer net ënnerschriwwen. "Natierlech net", seet de Jeff Da Costa. "Ech war jo net d'accord mat menger Kënnegung."

Inhaltlech ginn d'Meenunge vun Experten iwwer d'Positioun, déi de Jeff da Costa an d'Hannah Cloke vertrieden, iwweregens auserneen - och hei am Land. Aus der Waasserverwaltung heescht et, d'Notifikatioune vum EFAS-System kéinten net an all Fall eent zu eent op Lëtzebuerg iwwerdroe ginn.