Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Landwirtschaft ze vill op Véi a Mëllech konzentréiert

Nohaltegkeet

Lëtzebuerger Landwirtschaft ze vill op Véi a Mëllech konzentréiert

Am Virfeld vum neie Gesetz iwwer déi gemeinsam Agrarpolitik PAC huet d'EU-Kommissioun eng Rei vu Recommandatiounen op Lëtzebuerg geschéckt. Allgemeng gëtt manner Energieopwand, manner Ëmweltbelaaschtung a méi Diversifizéierung gefuerdert. An engem Wuert: déi Lëtzebuerger Landwirtschaft misst sech grondleeënd ëmstellen. Dat schmaacht awer net jiddwerengem.

auto_stories

5 min

De Guy Feyder ass de leschte vu fréier emol véier Baueren zu Éilereng am Süde vum Land. Mat 125 Hektar Fudderfläch fir ronn 200 Béischten, dervunner 85 Mëllechkéi an e puer Limousinsranner fir d'Fleeschproduktioun entsprécht säin Haff sou zimmlech dem Duerchschnëttshaff zu Lëtzebuerg. Och d'Verschwanne vun den Häff ass symptomatesch fir eist Land.

Bauere wëllen agebonne ginn

De Guy Feyder ass awer och President vun der Landwirtschaftskammer a villes vun deem, wat an der Politik esou decidéiert gëtt, gefält him net. All siwe Joer gëtt d'Gesetz iwwer déi gemeinsam Agrarpolitik iwwer di sougenannte GAP nei ausgeschafft, e Riseprojet deen d'Agrarpolitik nohalteg beaflosst an driwwer decidéiert, wéi d'Primme verdeelt gi. Et ass also ze verstoen, datt een do sou fréi wéi méiglech e Wuert matschwätze wëllt:

"De Minister seet eis jo, datt dee Prozess jo nach kéim. Ech si gespaant, wéi vill Afloss mer do nach kréien, mee ech muss mech widderhuelen, ech weess aus Erfarung, datt Afloss huele fréi muss geschéien, an net um Enn vum Prozess."

Am Virfeld vun de Gespréicher iwwer di nei Agrarstrategie huet d'EU-Kommissioun eng Rei Recommandatiounen ausgesprach, wat d'Ausriichte vun der zukünfteger Agrarpolitik ugeet. Facteure wéi Landschaftsschutz , Déierewuel an Naturschutz solle méi staark belount ginn.

Een nohaltege Model fir d'Landwirtschaft

An déi Richtung ginn dann och d'Recommandatiounen: d'Lëtzebuerger Landwirtschaft ass ze staark op Véi a Mëllech konzentréiert, dat verhënnert eng Ëmstellung op nohalteg Produktiounsmethoden. D'Emissiounen un Zäregasen an der Landwirtschaft sinn ze héich, Phosphat an Nitratwäerter belaaschten d'Waasser. Fir de François Benoy vun déi Gréng benennt dee Pabeier, dee vun der Kommissioun kënnt, an net vun ONGen, de Problem mam Numm:

"Et ass jo net esou, wéi wann eis Baueren sou wansinneg vill verdénge géife mat hirer Mëllech an hirem Fleesch, si sinn immens ugewisen och op den Export vun deene Produiten, si sinn also an enger Situatioun déi weder gutt ass fir d'Landwirtschaft, nach fir d'Ëmwelt."

Fir de Politiker vun déi Gréng wier Lëtzebuerg zwar e Grénglandstanduert, wou Fleesch a Mëllechproduktioun sech géifen ubidden, a Saachen Nohaltegkeet a Klimaschutz wier dee Model awer net zukunftsfäeg. Oder fir et kuerz ze soen: d'Mëllech gëtt, meeschtens als Polver, exportéiert, an de Piff bleift am Land. Fir de Guy Feyder ass hei e Changement awer net denkbar:

"Déi Véihaltung passt zu 300 Prozent, an nach méi, voll op Lëtzebuerg, op de Lëtzebuerger Standuert. Dat ass och d'Erklärung, firwat zu Lëtzebuerg d'Landwirtschaft an der Véihaltung sech spezialiséiert huet, well d'Plus-value och do historesch gesi méiglech war. Well op dem Standuert, wou mer sinn, eben net héich genuch Erträg méiglech si fir an dënnen anere Kulture kënnen ze bestoen. An dat ass am Fong geholl dee net-fachlech baséierten Discours, dee politesch gäre gefouert gëtt , wou gesot gëtt: d'Lëtzebuerger Landwirtschaft muss sech am Geméisbau breet maachen."

Méi breet opstellen

Diversifiéieren a méi breet opstellen, awer och méi klengen Häff a Quereinsteiger eng Chance ginn, si Léisungsweeër, déi d'Kommissioun der Lëtzebuerger Landwirtschaft opweist. Ganz op déi traditionell Grénglandproduktioun wäert Lëtzebuerg dem Romain Schneider no awer trotzdeem net kënne verzichten:

"Ech mengen eppes ass kloer, och an Zukunft wäert Lëtzebuerg e Land sinn, wat Mëllech produzéiert, wat Fleesch produzéiert, wat donieft awer méi diversifiéiert opgestallt ass. Ech mengen, hautdesdaags huet all Bauer erkannt, virun allem déi jonk Baueren, a virun allem och déi, déi als Quereinsteiger erakommen: et muss ee sech méi breet opstellen. Et dierf ee sech net op ee Produit fokaliséieren, an dann ass eben dat richteg, wat Der gesot hutt, da wann e Präisabsturz kënnt, dann ass eben direkt derbäi, a wann ee méi breet opgestallt ass, kritt een et awer nach ofgefiedert."

Ee vun de méigleche Weeër, déi ee kéint goen, ass d'Biolandwirtschaft, mee och hei läit Lëtzebuerg mat aktuell 4,6 Prozent vun der bebauter Agrarfläch wäit ënner dem europäesche Schnëtt. Fir de Romain Schneider feelt et virun allem un der Chaîne hanner der Produktioun:

"Et ass kloer, déi Palette u Bioprodukter zu Lëtzebuerg musse mer ëmmer och nach méi wäit ausdeenen, do muss mengen ech och nach méi eng breet Opstellung kommen. Mee fir dat ze maachen, muss een awer wëssen, et ass en Ofsaz do, a wann een en Ofsaz schaaft a sou grouss Quantitéiten, wéi Kantinne kënne sinn, oder wéi effektiv aner Reseaue kënne sinn, da kritt een dat och hin."

Ëmstellung kascht d'Bauere vill

Mee och hei bleiwen d'Bauere bis elo skeptesch. Et wier wuel e Marché do, mee d'Produktioun ass aarbechts- a personalintensiv an domadder mat vill Käschte verbonnen. Dacks sinn Importproduiten am Präis net ze klappen. Donieft verlaangt esou eng Decisioun dem Guy Feyder no vill Courage:

"Den Debat ass gutt gemengt, e kléngt och gutt, en ass fir ausserhalb der Branche och favorabel ugesinn, mee Acteuren an der Branche, déi hiert Geschäft kennen, déi erkennen, datt dat e Loftschlass duerstellt. Dat erkläert och d'Retizenz, firwat ee virsiichteg ass mat esou Virstellungen. Et muss een och derbäi soen, een, deen esou eppes mécht, dee geet eng kleng Aventure an. Dee verléisst dat, wat e kennt."

Et bleift also vill Diskussiounsbedarf, dem aktuellen Timing no soll de nationale Strategieplang am zweete Semester vun dësem Joer un d'EU-Kommissioun geschéckt ginn, d'nächst Joer sollen ugeholl an dann ëmgesat ginn, éier 2023 dann dat neit Agrargesetz soll stoen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.