Weltausstellung zu Dubai Lëtzebuerger Pavillon: Aarbechtsrecht géif respektéiert

De Lëtzebuerger Pavillon fir d'Expo zu Dubai kascht 32 Milliounen Euro. D'Participatioun un der Weltausstellung ass awer net just wéinst deem héije Budget kontestéiert, mee och wéinst der mënschen- an aarbechtsrechtlecher Situatioun zu Dubai.

Michèle Sinner (Dubai) / cz

Visitt vum Chantier vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai
Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wann ee bei Schichtwiessel iwwer den Terrain vun der Expo fiert, waart eng ganz Arméi vu Bauaarbechter am Blaumann, Casque a Sécherheetsjackett laanscht d'Strooss op de Bus. 42.000 vun hinne schaffen op de verschiddene Chantiere vun der Weltausstellung. Mat hinnen schwätzen? Keng Chance. D'offiziell Kommunikatioun gräift an, wann een ee Wuert ze vill mam Buschauffer schwätzt.

De Secretaire general vum GIE fir d'Expo-Participatioun, de Marc Scheer, huet zu Abu Dhabi op der Ambassade geschafft a kennt dofir dat lokaalt Aarbechtsrecht. Dat géif virgesinn, datt Leit am Prinzip aacht Stonne géife schaffen, maximal awer zéng Stonnen den Dag. Iwwerstonne géife bezuelt ginn. Déi Gesetzgebung géif scho méi laang bestoen "et ass awer elo esou, datt am Kader vun der Expo nach méi restriktiv Konditiounen en place gesat goufen, duerch eng Charte", sou de Marc Scheer.

Eng Charte a Kontrolle géifen d'Rechter vun den Aarbechter garantéieren

D'Oplage sinn detailléiert, wéi de Claus Cruppa vun Nüssli Adonic erkläert, där Schwäizer Firma, déi de Lëtzebuerger Pavillon baut. "Da gehören zum Beispiel dazu, wie viel Quadratmeter pro Person, Betten, Matrazen, Kühlschrank, Klimanalage, Frischwasserversorgung, Toiletten, Spülung, Papier. Lauter solche Dinge sind detailléiert aufgeführt."

Déi Oploe sinn Deel vum Kontrakt. De Marc Scheer seet, datt déi Oploen och kontrolléiert géife ginn, an datt d'Aarbechter, déi um Lëtzebuerger Pavillon géife schaffen "uerdentlech behandelt ginn" an datt hir Rechter respektéiert géife ginn.

Nüssli huet fir seng Aarbechter e ganze Komplex fir 1.000 Leit renovéiert. Dee gëtt vun ënnerschiddlechen Instanzen iwwerpréift. Déi lescht Kontroll wier viru ronn dräi Woche gewiescht. D'Ekipp vun der Expo hätt och e puer Mängel festgestallt, gëtt de Claud Cruppa zou. Klengegkeeten, seet hien.

Ronn 100 Aarbechter schaffen um Lëtzebuerger Chantier

An deene "Worker Welfare"-Standarde steet awer net dran, wéi vill d'Aarbechter verdénge mussen. Fir d'Aarbechter um Chantier fir de Lëtzebuerger Pavillon sinn d'Paien zwar manner héich wéi de Mindestloun zu Lëtzebuerg. Een Aarbechter géif an der Moyenne 1.600 Euro de Mount verdéngen, sou de GG Kirchner vu Metaform. Dobäi kéimen nach d'Käschte fir den Transport op de Chantier, all Dag an d'Moolzechten. Ee mol d'Joer géifen d'Aarbechter och e Fluch heem bezuelt kréien.

D'Aarbechter hunn 30 Deeg Congé am Joer ze gutt, also méi wéi de legale Minimum zu Lëtzebuerg. Laut Charta schaffe si 48 Stonnen d'Woch, iwwer sechs Deeg. De Moment schaffen eng 100 Aarbechter an zwou Schichten um Lëtzebuerger Chantier. De GG Kirchner seet, datt ee wéinst der Hëtzt deelweis net iwwer Mëtteg kéint schaffen. An esou Fäll géif een da pausen an d'Schichte méi géint der Owend an an d'Nuecht verréckelen.

Et kéint och virkommen, datt mol zéng Stonne geschafft gëtt. Dat kéint een awer net all Dag maachen, sou den GG Kirchner. Hien huet sech virgeholl kucken ze goen, wéi d'Aarbechter ënnerbruecht sinn, well hie fënnt, datt d'Aarbechter dee Respekt verdéngt hätten. D'Aarbecht wier trotz den definéierte Standarden nämlech awer nach immens ustrengend.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Alexey Platonenko, directeur général, Ai Mediq S.A , S.A.R. le Grand-Duc héritier , n.c., sécurité, Étienne Schneider, Vice-Premier ministre, ministre de l'Économie, ministre de la Santé.png
Foire Arab Health zu Dubai

Am Kader vun der Wirtschaftsmissioun an d'arabesch Emirater stoung och dës Foire um Programm, wou och Lëtzebuerger Entreprisë vertruede sinn. Dorënner de Produit Re-Oxy, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf.

Etienne Schneider
Nom Mandat als Minister

Den Etienne Schneider ass gefrot gi fir d'nächst Joer neien Direkter vun der Europäescher Raumfaart Agence Esa ze ginn. Den nach-Wirtschaftsminister seet awer, d'Konditiounen dofir wieren net en place.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen