Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Pensiounsfong gëtt sech 2022 eng nei Investitiounsstrategie

Pensiounskeess

Lëtzebuerger Pensiounsfong gëtt sech 2022 eng nei Investitiounsstrategie

Wéi klimafrëndlech an nohalteg sinn d'Reservë vun der Lëtzebuerger Pensiounskeess ugeluecht? D'Ëmwelt-ONG Greenpeace huet rezent kritiséiert, d'Investitiouns-Strategie vum Fonds de Compensation, deen déi Reserve geréiert, wier net en ligne mam Paräisser Klima-Accord. Wéi reagéiert de Fong op déi Virwërf?

auto_stories

2 min

Foto: LookerStudio

Lauschterenplay_arrow


D'Regierung kann dem Fong zu all Moment (per Gesetz oder Reglement) ze soen: Looss d'Fangere vun dëser Aktivitéit ewech, investéier net an déi Firma. Si huet dat iwweregens och scho gemaach. E gëtt eng Lëscht vu 126 Entreprisen, an déi kee Geld aus dem Lëtzebuerger Pensiounsfong däerf gestach ginn, well se géint Mënscherechter verstoussen oder bestëmmt Waffe produzéieren. Mee soulaang et keng präzis Consignë gëtt, berifft de Fong sech op d'Gesetz, wéi säi President Alain Reuter erkläert. "Den Optrag un de Fonds de Compensation ass fir de Risiko ze diversifizéieren. Souwuel geographesch wéi och Secteur-méisseg."

D'Investissementer also su breet wéi méiglech streeën, fir d'Geld aus de Cotisatioune vun de Leit maximal ofzesécheren. Do kéint ee sech et net erlaben, ganz Secteuren auszeklameren, seet den Alain Reuter. Ausserdeem: Wou zitt een e Stréch? Haut ass et Klima, muer kënnt vläicht Drock alles aus dem Portefeuille ze huelen, dat der Gesondheet schuede kéint. An iwwermuer nach eppes anescht. Aus deem Grond géif de Verwaltungsrot vum Fong keng esou Exklusioune maachen. Et géif ee sech awer strikt un d'Gesetzgebung an UNO-Konventiounen halen déi Lëtzebuerg ratifizéiert huet.

Nei Investissementsstrategie vun 2022 un

Onofhängeg dovu wëllt de Fong awer vu sech aus säi Geld sou nohalteg et geet placéieren. Sengem Portefeuille vun Aktien an Obligatioune gëtt nogesot, e géif - a senger Zesummesetzung - fir eng Temperatur-Hausse vun 2 bis 3 Grad stoen (also méi wéi déi annerhallef bis maximal 2 Grad, déi am Paräisser Klima-Accord virgesi sinn). Esou engem CO2-Check wëllt de Fong sech vun 2024 un reegelméisseg ënnerzéien. 2022 wëllt de Fong seng Investissementsstrategie frësch definéieren.

"Da gi mer eis ee Joer fir déi Investissementer esou ze tätegen, An da mécht et Sënn fir 2024 ze soen: Ok, si mer mat där neier Strategie vill méi alignéiert zum Paräisser Ofkommes."

An deen Exercice soll vun dann un all dräi Joer eemol gemaach ginn.