Kriseregioun Lëtzebuerger Pompjee am Rettungsasaz op Haiti: "Et ass ni dat nämlecht"
Nom schwéieren Äerdbiewe vu Mëtt August op Haiti huelen dräi Lëtzebuerger Pompjeeë vum CGDIS un der internationaler Hëllefsmissiounen op der Karibikinsel Deel. Hei ginn et bis elo méi ewéi 2.200 Doudegen an 12.000 Blesséierter. 30.000 Mënschen hunn hiert Heem verluer. Den Yves Legil ass ee vun den dräi Lëtzebuerger op der Plaz. Am Weste vun den Insel, zu Jérémie, ass hien Deel vun engem internationalen Expertenteam, déi d'Hëllefsaktioun koordinéiert.
Och Joerzéngte laang Erfarung als Pompjee bereet een net ganz op esou een Asaz vir, seet de Yves Legil.
"Ech war deemools am Nepal am Asaz, dat war och en Äerdbiewen. Ech war am Tsunami an Thailand am Asaz. Mee hei kënnt einfach déi ganz Dramatik dovun dobäi datt et dat äermstent Land aus de ganzer südamerikanescher Géigend ass."
Den Territoire ronderëm d'Stad Jérémie ass ongeféier esou grouss ewéi Lëtzebuerg. Et wieren éischter Commercë wéi Wunnenge betraff "wat dann och bewierkt, dat net esou eng héich Doudeszuel hunn". Am Departement vum Jérémie géif et awer Dierfer ginn, an deene keng Mauer méi géif stoen. Do sinn d'Leit dann och besonnesch op Hëllef ugewisen. Dacks wieren déi Leit och just zu Fouss oder mam Helikopter ze erreechen.
Op der Plaz ass dem Yves Legil seng Missioun fir zesumme mat de lokalen Autoritéiten eng besser Koordinatioun ze assuréieren a Reconnaissance um Terrain ze maachen, fir d'Besoinen um Terrain genee definéieren ze kënnen. Donieft wier hien och Uspriechpartner fir verschidden ONGen op der Plaz.
Bei dësem Asaz gëtt et dann och eng besonnesch Erausfuerderung. Den Haaptproblem ass de Sécherheetsaspekt, deen hei op Haiti dëse Moment net garantéiert ass. Politesch Instabilitéit a Gewalt géingen Haiti prägen, bei munchen Deplacementer hätten déi international Experten och militäresch Eskorten. Hie selwer hätt sech awer zu kengem Abléck onsécher gefillt, seet dem Yves Legil. D'Missioun vun den dräi Lëtzebuerger Pompjeeën op Haiti leeft fir dräi Wochen.