Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Recherche ass gutt opgestallt

Recherche iwwer de Coronavirus

Lëtzebuerger Recherche ass gutt opgestallt

Déi ëffentlech Recherche zu Lëtzebuerg wier breet genuch opgestallt, fir all déi relevant Aspekter vun der aktueller Corona-Kris ofzedecken, seet de Paul Wilmes vun der uni.lu. De Mikrobiolog ass ee vun de Responsabele vun enger neier Corona-Task-Force, déi d'Aarbecht vu 14 Aarbechtsgruppe koordinéiert.

auto_stories

2 min

Déi eenzel Gruppe vun der Task Force fuerschen a verschiddene Beräicher. Vu klineschen Etüde bis bei Projektiounen iwwer déi sozio-ekonomesch Impakter vun der Kris. Besonnesch wäertvoll Donnéeën hätt d'Wëssenschaft scho kënne liwweren, mat Zenarien iwwer den Epidemieverlaf.

"Dat heescht awer net, datt d'Wëssenschaft diktéiert, wéi mir als Gesellschaft solle funktionéieren. Grad am Contraire: Ech mengen, d'Wëssenschaft kann hei nëmmen eng berodend Roll spillen. Herno ass et natierlech un den eenzele politeschen Entscheedungsträger fir ze kucken, wéi mer déi Kris am beschte meeschteren."

D'Wëssenschaft huet eng berodend Roll

Der Lëtzebuerger Recherche kéim zegutt, datt se international staark vernetzt ass. Momentan wier all Form vu Konkurrenz ënner Fuerschungs-Ariichtunge wéi op Äis geluecht, sou de Paul Wilmes. De Secteur wier frou iwwer d'Geleeënheet, seng Expertise kënnen zu Verfügung ze stellen. D'Roll vun de Wëssenschaftler wier et, fir der Politik déi néideg Fakten zur Verfügung ze stellen a fir eng berodend Roll ze spillen - och am Bezuch op eng Exit-Strategie. D'Decisioune missten um Enn awer ëmmer vun der Politik geholl ginn.

Dem Paul Wilmes no dierft een elo keng Zäit verléieren. Déi néideg Etüde misste séier op d'Bee gestallt ginn, fir déi relevant Donnéeën ze sammelen.

"Mir hunn elo bannent der Task Force dräi Aarbechtsgruppen, déi elo scho klinesch Studië lancéiert hunn. An dat ass eben extrem wichteg, well mer eenzel Patiente wëlle verfollege fir ze verstoen, firwat de Virus bei engem eng seriö Krankheet ausléist a bei engem aneren net."