An engem Communiqué hat den Ausseministère e Méindeg dozou opgeruff, nëmmen nach an d'Ausland ze reesen, wann et noutwendeg ass. Leit, déi am Ausland sinn an zeréckkomme wëllen, sollte sech mat hirer Reesagence oder Fluggesellschaft a Kontakt setzen.
Dee selwechten Dag um Owend war et du schonn den direkten Opruff, zeréckzekommen. En Opruff, deen den Ausseministère haut nach eng Kéier mat Prezisioune widderholl huet. Besonnesch déi, déi ausserhalb vum Schengenraum si, sollen direkt mat hirer Reesagence oder Fluggesellschaft kucken, ob ee Retour méiglech ass.
Bei Bedarf solle si sech un déi lëtzebuergesch Ambassade am jeeweilege Land wenden. Den Opruff vum Ausseministère riicht sech och un Lëtzebuerger Studenten am Ausland. Allerdéngs betount ee beim Ministère, datt hir Recommandatioun net gëllt fir Leit, déi iwwer eng länger Zäit net wëlles hunn, op Lëtzebuerg zeréckzekommen, respektiv am Ausland wunnen.
Lëtzebuerger, respektiv Residenten, déi mam Auto wëllen zeréckkommen, kënnen dat maachen. Dem Ausseministère no wier den Transit duerch aner EU-Länner trotz Grenzkontrolle weiderhi méiglech.