Lëtzebuerger Sprooch "Lëtzebuerger Sprooch weider stäerken"

D'Lëtzebuerger Sprooch géif schonn eng Zäit benotzt gi fir nationalistesch Revendicatiounen. Och d'Méisproochegkeet wier zu Lëtzebuerg historesch gewuess. D'Soziolinguistin fir Lëtzebuergesch op der Uni begréisst dat neit Gesetz iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Mat deem Gesetz gëtt de gesetzleche Kader geschaf vum neie Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem neien Zentrum fir d'Lëtzebuergescht, nieft neie Kompetenze fir de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

Mick Entringer / cz

Melanie Wagner
Melanie Wagner

Et géif een effektiv scho ganz laang gesinn, datt an der Lëtzebuerger Populatioun de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen héich gehale gëtt, seet d'Melanie Wagner. D'Lëtzebuerger Sprooch géif och dacks benotzt ginn, fir verschidden Argumenter ze formuléieren, déi kënnen nationalistesch ausgeluecht ginn. "Woubäi dat awer net onbedéngt richteg ass, well nieft dem Lëtzebuergeschen awer trotzdeem zu Lëtzebuerg, d'Méisproochegkeet och historesch gewuess ass", sou d'Soziolinguistin vun der Uni Lëtzebuerg. D'Lëtzebuergescht wier zwar Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit, wier awer net deen eenzegen Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit.

Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch an neien Zentrum

Dat neit Gesetz géif, hirer Meenung no och e Mehrwert mat sech bréngen, well vill Mesuren "op de Plang bruecht ginn, déi elo mol eng Kéier néier geschriwwe ginn". Vill Mesurë wieren zwar net nei, si géifen esou awer vill méi visibel ginn. Si wënscht sech awer, datt vun deem Projet profitéiert gëtt, fir d'Lëtzebuerger Sprooch weider ze stäerken.

Mam neie Gesetz gëtt de gesetzleche Kader fir e sougenannte Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch a fir den neien Zentrum fir d'Lëtzebuergescht geschaaft. Donieft kritt den neie Conseil permanent de la langue luxembourgeoise nei Kompetenzen. D'Melanie Wagner schwätzt vun enger Iwwerkomplexitéit vun den Institutiounen.

Keng kloer Kompetenzopdeelung?

Et wier problematesch, datt am Moment net kloer wier, wat déi eenzel verschidde Kompetenzberäicher vun de verschiddenen Institutioune wieren. Si freet sech, ob et net zu Iwwerschneidunge komme kéint. D'Soziolinguistin fuerdert eng kloer Rollenopdeelung fir Iwwerschneidungen ze evitéieren, wat fir eng Beräicher vu wat fir enger Institutioun ofgedeckt solle ginn, fir datt et net zu double Emploie kënnt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Sophie Thoma
Ee Mount, een Thema

Den immaterielle Patrimoine besteet aus liewegen Traditiounen, déi ee Gefill vun Identitéit vermëttelen. En ass immens villfälteg an e verännert sech permanent. Och d'Sprooch gehéiert zu dësem Patrimoine.

Claude Wiseler
Chamberwahlen 2018

Sozial Kohesioun wier ee vun de Piliere vun der CSV-Wahlcampagne, sou de Claude Wiseler. Fir d'Bedeelegung vun Auslänner misst de Conseil national pour étrangers gestäerkt ginn, e Gremium dat net ganz bekannt wier.

Raoul Biltgen
Invité am Moies-Magazin

Mam Roman "Schmit ist tot" ass de Raoul Biltgen elo fir ee vun de bedeitendste Krimi-Präisser nominéiert. Seng Theaterstécker ginn an Éisträich, Däitschland a Lëtzebuerg opgefouert.

Marc Barthelemy
Lëtzebuergesch

7.500 Leit sinn aktuell an Erwuesse-Coursen ageschriwwen. Ëmmer méi Leit schwätzen doduerch Lëtzebuergesch. Et wier allerdéngs schwiereg, dat néidegt Personal ze fannen, fir d'Sprooch z'enseignéieren.

International School Michel Lucius
International School Michel Lucius

Zu Lëtzebuerg schwätze vill Leit Englesch. Zënter der leschter Schoulrentrée gëtt et dann och déi éischt ëffentlech englesch-sproocheg Grondschoul. Hir Capacitéite sinn allerdéngs limitéiert.

Sylvia Ridlesprige
Uni Lëtzebuerg

D'Handelskammer proposéiert, datt d'Uni een neit consultatiivt Organ kritt. Dëst Gremium kéint bei Nominatiounen a strategesche Froe een Avis ofginn, esou d'Sylvia Ridlesprige.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen