Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Studenten nom Brexit: "Vläicht musse mer méi Gromperen iessen"

MÄIN EUROPA

Studenten nom Brexit: "Vläicht musse mer méi Gromperen iessen"

Wéi all Joer fänken an den nächsten Deeg e puer honnert Lëtzebuerger Studenten un a Groussbritannien ze studéieren. Mee hir Situatioun ass des Kéier méi ongewëss wéi soss. Schonn an e puer Woche kéint Groussbritannien nämlech aus der EU austrieden. Wat géif dat fir dës Studente bedeiten? De Rick Mertens huet nogefrot - fir den éischte Reportage an eiser Serie "Mäin Europa".

auto_stories

7 min

Mat rosenem Gejäiz, gouf de britesche Premier e Méindeg an der Uewerstad empfaangen. Et war e weideren Akt am politeschen Drama ronderëm de Brexit, dee fir gemëschte Gefiller bei deene suergt, déi d'Konsequenzen vun engem briteschen EU-Austrëtt kéinten ze spiere kréien. Hie géif et gutt fannen, datt "eng Kéier Tacheles geschwat" géif ginn, seet den Olivier Castro. Hie lieft zënter enger gudder Woch a Schottland, fir ee Joer laang Literatur am Master ze studéieren. Hien hätt awer och d'Gefill, datt et op ee Mol zu enger Kuerzschlosreaktioun kéint kommen, an datt d'Britten da géife soen "dir nervt eis, da man ech elo wat ech wëll".

Grondtenor: D'Studente berouegen

Den Olivier Castro ass ee vu ronn 2.000 Lëtzebuerger Studenten, déi de briteschen EU-Austrëtt während hirem Studium a Groussbrittannie materliewe kéinten. Déi onsécher Perspektiv huet den Olivier awer net ofgeschreckt, well d'Uni Glasgow him verséchert hätt, datt en eventuelle Brexit dëst Joer nach keen Effekt op EU-Studente géif hunn. "Dunn hunn ech mech einfach getraut a mech ugemellt", seet den Olivier Castro.

Déi berouegend Messagen un zukünfteg Studente si keng eidel Verspriechen vun den Unien, mee si berouen op Engagementer vun der britescher Regierung. Dat ënnersträicht och de briteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, den John Marshall.

"Mir hunn e ganzen klore Message un EU-Auslänner, déi dëst oder d'nächst Joer op eisen Unien ufänken. Si hunn e Recht drop wärend hirem ganze Cours, déi selwecht Studiegebühren ze bezuelen, wéi britesch Studenten."

Bis elo schéngt de Message vun der britescher Regierung bei de Lëtzebuerger Studenten unzekommen. De Léon Diederich vum Héichschoulministère seet, bis elo hätte relativ wéineg Studenten bei der Berodungsstell CEDIES no Hëllef gefrot.

Liicht manner Lëtzebuerger Studenten a Groussbritannien

Léon Diederich

Dëst Joer ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger, déi sech op enger britescher Uni gemellt hu fir e Bachelor ze maachen zwar liicht zréckgaangen, ee groussen Abroch gëtt et awer bis ewell net. Der britescher UCAS-Autoritéit no, hunn 250 Lëtzebuerger Demandë bei briteschen Unien agereecht, dat sinn der 40 manner wei d'Joer virdrun. D'Zuel läit awer weiderhin an der selwechter Gréisstenuerdung, wéi déi lescht zéng Joer.

Dat kéint sech awer nach änneren. D'Verspriechen d'Studiegebüre fir EU-Auslänner net ze erhéijen, gëllt nämlech nëmme fir zwee Joer - dono kéint et och fir Lëtzebuerger Studente méi deier ginn. Wann EU-Staaten awer beispillsweis d'Aschreiwungsgebühre géifen erhéijen, an et géifen och Englänner dodrënner falen, da kéint net ausgeschloss ginn, datt d'Englänner eng Géijemesür géife maachen.

Heichschoulpolitik wier an dem Sënn net vill anescht wéi Handelspolitik, seet de Léon Diederich vum Héichschoulministère. Dofir misst ee sécherstellen, datt e Student, deen e Bachelor a Groussbritannie mécht, och am Master déi selwecht Conditiounen hätt.

Jessica Burton: "D'Ongewëssheet ass schwéier ze erdroen"

Wie schonn am Gaang ass ze studéieren, oder an de nächsten Deeg ufänkt, dee brauch sech iwwer esou Eventualitéiten awer nach keng Gedanken ze maachen. Dofir ginn et praktesch Suergen, vun deenen och Englänner betraff sinn, déi zu Lëtzebuerg studéieren.

D'Jessica Burton

D'Jessica Burton huet d'lescht Joer zu Lëtzebuerg mat engem Doktorat iwwer d'Geschicht vu Bande Dessinéeën ugefaangen. Wärend de Boris Johnson e Méinden an der Stad mam Jean-Claude Juncker zu Mëtteg giess huet, huet déi jonk Englännerin sech um Belval bei Kaffi a Schnittercher op dat neit Semester agestëmmt. Mee d'Politik geet him an dësen Deeg seelen aus dem Kapp.

"Ech kréien E-Mail-Updaten vun der Britescher an der Lëtzebuerger Regierung, an op de soziale Netzwierker sinn ech ganz no verschiddene Pro-EU-Beweegungen drun. Domat verbréngen ech ronn eng Stonn all Dag. Fir mech ze informéieren wat geschitt, a wéi eng Regulatioune kéinten änneren. Ech muss dat wëssen well ech direkt betraff sinn. Mäi Mann ass Amerikaner, hien ass dofir dovun ofhängeg, datt ech däerf hei bleiwen."

Virun allem d'Ongewëssheet wier schwéier ze erdroen, seet d'Jessica. Wat am Moment selbstverständlech wierkt, kéint nom EU-Austrëtt nämlech méi komplizéiert ginn. Ufank November soll hatt zum Beispill fir säi Studium op eng Konferenz fueren. Mee hatt weess nach net op et kann dohi goen, well Groussbritannien, da vläicht schonn net méi an der EU ass.

"Ech maache mer keng Suergen fir a Groussbritannien eran ze kommen, mee ech froe mech wei schwéier et gëtt zréckzekommen. Wéi laang déi zousätzlech Kontrollen um Fluchhafen da wuel daueren? Ech brauch da vläicht véier Stonnen, fir dat wat elo an 20 Minutte geschitt ass."

Fir Komplikatiounen op der Grenz esou wäit wei méiglech ze evitéieren, réit och de Lëtzebuerger Héichschoulministère de Studente sech e Pass ze maachen, amplaz just mat enger Carte d'Identité a Groussbritannien ze reesen.

De Claude Ewert mécht sech kaum Suergen

Dem Claude Ewert maache sou Warnungen keng Angscht. Hie fänkt an zwou Wochen mat engem Doktorat an der Geschicht zu Cambridge un, a mengt wann ee sech richteg informéiert, bräicht een am Fong näischt ze fäerten. Et wier een net op ee Mol gefaangen, well och Mechanismen entworf gie wieren, fir de Fall vun engem No-Deal Brext. Et géif, senges Wëssens no zum Beispill en Dokument ginn, dat een an esou engem Fall misst ausfëllen, et bräicht een awer net vun engem op deen aneren Dag e Visa.

Well hien och schrëftlech verschéchert krut, datt seng Studiegebühren net wäerten an d'Luucht goen, hätt hie sech éischter Suerge gemaach, datt seng Bewerbung net gutt genuch wier fir déi renomméiert Uni zu Cambridge, seet den 33 Joer ale Student. Seng Uni géif just ëm 20 Prozent vun de Bewerber ophuelen. Doriwwer hätt hie sech méi de Kapp zerbrach, wéi iwwer de Kontext vum Brexit.

De Claude Ewert

Gromperen amplaz Avocado

An trotzdeem ass de Claude sech bewosst, datt de Brexit hien an de nächste Wochen direkt a sengem Alldagsliewe treffe kann. Prognose vun der britescher Regierung hätten zum Beispill gewisen, datt d'Liewensmëttel am schlëmmste Fall kéinte knapp ginn.

"Ween hei a Westeuropa wees nach wat e Food Shortage ass. An dat kann elle ginn. Dat keint esou guer dozou feieren, datt s de op ee mol erëm mat Liewensmettelmarke ronderëm leefs. Dat ass eppes wou s de der sees, ok, dat wier definitiv net einfach."

Mee och mat deem Risk kéint ee liewen, wann de Studium gutt ass - mengt de Minetter, dee virun e puer Joer nach mat Rockbands duerch Europa getourt ass fir Bühnen opzeriichten. Eng gewëssen Ongewëssheet wier eben net ze evitéieren.

"Si kënne mer elo net versécheren, datt ech all Dag kann eng Avokado oder bretonesch Austere kafen, wann et zu Food Shortages kënnt. Et muss ee vläicht méi Rippen iessen dann, dat wiisst jo vill an England. An zu Cambridge ginn et ganz vill Gromperen, déi si ganz bekannt en plus."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.