Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Zaldot a Litauen: "Et weess een ni, wat muer ka sinn"

Auslandsmissioun

Lëtzebuerger Zaldot a Litauen: "Et weess een ni, wat muer ka sinn"

Wéinst dem Krich an der Ukrain goufen déi multinational Bataillounen an den dräi baltesche Staaten an a Pole verstäerkt: an der Tëschenzäit sinn eleng a Litauen eng 1.800 Zaldoten aus verschiddenen NATO-Staate stationéiert: dorënner der och sechs aus Lëtzebuerg. Déi sechs sinn zoustänneg fir Transport-Aufgaben. De Verteidegungsminister François Bausch huet am Kader vu senger Visitt am Baltikum déi Lëtzebuerger Zaldoten dës Woch op der Militär-Basis zu Rukla besicht.

auto_stories

4 min

Foto: Serge Kesseler

Fir de Joris, 24 Joer, ass den Asaz de Moment a Litaue schonn déi drëtt Auslandsmissioun: hien ass virun e puer Wochen als Verstäerkung an de baltesche Staat komm.

Lëtzebuerg huet d'Zuel vu sengen Zaldote jo vu véier op sechs erop gesat, nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain.

D'Lëtzebuerger Zaldote wiere fir den Transport vu Material, Munitioun oder Ween zoustänneg, zielt de Joris.

Fir de Mett, 35 Joer, ass d'Missioun a Litaue schonn den aachten Asaz fir d'Arméi am Ausland: 2017 war hie schonn eng Kéier am baltesche Staat am Asaz. Hir Missioun wier et "Real Life Support" ze garantéiere fir déi kämpfend Truppen.

"Eng kämpfend Trupp, déi vir un der Front sëtzt, déi brauche jo Munitioun, déi brauchen Iessen, déi brauche Bensinn, déi brauchen hiert Equipement."

Däitlech méi NATO-Zaldote sinn a Litauen

Duerch de Krich an der Ukrain hätt hie keen Impakt bei der NATO-Missioun a Litaue ginn, seet den Zaldot Joris. Allerdéngs si wéinst dem Krich elo däitlech méi Zaldoten a méi Material op der Militär-Basis zu Rukla bei Kaunas a Litauen, erkläert de Mett.

"D'Changementer si komm well méi Verstäerkungstruppe komm sinn, d.h. et ass net einfach, datt déi mat hirem Gepäck kommen. Mir mussen eben dann hir Saache vum Fluchhafen (...) op déi respektiv Plaze bréngen. Et ass Munitioun opgestockt ginn, déi Saache musse jo och iwwerall transportéiert ginn. Dat huet sech hei bemierkbar gemaach, well mir richteg vill Transportmissioune kritt hunn."

De Verdeedegungsminister Françios Bausch op Visitt a Litauen. Foto: Serge Kesseler

Op der Plaz, wou d'Lëtzebuerger a Litaue stationéiert sinn, géif et de Moment keng gréisser Gefor ginn. Vun den Attacke wier ee "relativ wäit ewech", seet de Mett.

"Wat awer net heescht, datt mer ganz wäit ewech sinn. Et weess een ni, wat muer ka sinn, esou ass och de Krich ugaangen. Et huet jo kee gesot, muer geet et un."

Auslandsasaz: "D'Famill schléift net roueg"

Wéi reagéieren d'Famill an d'Frënn vun den Zaldoten op hiren Asaz de Moment am baltesche Staat Litauen, un der sougenannter Ostflank vun der NATO? Déi hätte sech am Ufank scho Suerge gemaach, seet de Joris.

"Ech denken, datt ech hinnen dat awer gutt genuch erkläert hunn, an datt se awer alles verstinn, datt am Moment keng Gefor fir mech hei besteet."

Dem Mett seng Famill wier dat "e bësse gewinnt", datt hie bei enger Auslandsmissioun derbäi wier, se géifen awer net roueg schlofen, "och wa mer hei just a Litaue sinn".

Esou een Asaz, wéi deen de Moment a Litauen, bedeit fir déi Lëtzebuerger Zaldote fir véier Méint um Stéck fort vun doheem ze sinn. Fir de Joris ass dat en Deel vu senge Beruff.

"Dat heescht, ech sinn dorop virbereet, genau sou wéi meng Famill a meng Kolleegen. Et ass ni einfach, mee et ass ëmmer erëm flott esou eng Erfarung ze maachen."

Eng frëndschaftlech Ambience

D'Ambiance op der Militärbasis vun den NATO-Zaldoten a Litaue wier kollegial, esou de Lëtzebuerger Zaldot. Fir de Mett sinn esou Asätz wéi deen a Litauen, souguer d'Méiglechkeet nei Frënn ze fannen.

Et wier deemno och schwéier no de Missioun erëm heem ze goen, zielt hien: "Well hei si Leit, déi wäert ech ni méi erëm gesinn. Villäicht eng Kéier an der Missioun [...], mee dat ass Zoufall."

Déi sechs Lëtzebuerger sinn nach bis Ufank Juni a Litaue stationéiert. De Joris wäert awer geschwënn drop erëm zeréck am baltesche Staat sinn.