Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Junip - Always

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Zentralbank: Immobiliekreditter si méi deier ginn

Wirtschaft

Lëtzebuerger Zentralbank: Immobiliekreditter si méi deier ginn

D'Immobilie-Kreditter ware wéinst de méi héijen Zënsen elo am Januar zu Lëtzebuerg e gutt Stéck méi deier wéi am Dezember zejoert. Dat geet aus Chifferen ervir, déi d'Lëtzebuerger Zentralbank de Mëttwoch publizéiert huet.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Puttachat Kumkrong

Besonnesch staark war d'Zënshausse um taux variable, dee vun engem Mount op deen aneren ëm bal ee ganze Prozentpunkt an d'Luucht gaangen ass, nämlech vun 2,58 Prozent am Dezember op 3,51 Prozent am Januar. De fixen Zënssaz ass an deem selwechten Zäitraum nëmme moderat geklommen, vun 3,52 op 3,58 Prozent. Déi Zënshaussen hunn dozou geféiert, dass vill manner Prête gemaach gi sinn. Am Januar zum Beispill sinn hei am Land 219 Milliounen Euro mat Taux fixe geléint ginn, fir ze bauen oder e Logement ze kafen. Am Dezember waren dat nach 83 Millioune méi, am Januar 22 (ee Joer virdrun also) souguer nach 185 Millioune weider.

Déi Zuele vun der BCL, der Lëtzebuerger Zentralbank bezéie sech op de Januar, op de Mount virun der leschte Leetzënserhéijung vun der EZB deemno. D'Europäesch Zentralbank hat hir Leetzënse jo den 2. Februar fir d'lescht eropgesat, ëm en hallwe Prozentpunkt. An et gëtt domat gerechent, datt se d'nächst Woch nees eemol dat selwecht wäert maachen.