Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch?

Permanente Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch?

Duerch déi eegen Aarbecht wéilt ee Lächer am aktuelle Regelwierk stoppen. Dat seet d'Myriam Welschbillig, nei Presidentin vum permanente Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch. De Conseil gouf virun 20 Joer an d'Liewe geruff a setzt sech aus enger Rei Benevollen zesummen, déi hir Expertise an den Déngscht vun der Sprooch stellen.

auto_stories

3 min

D'Aufgabe vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch ergi sech schonn eleng aus dem Titel. Et ass e Conseil, et ass e Rot. Dat heescht, den CPLL gëtt Avisen zu allem, wat mat der lëtzebuergescher Sprooch ze dinn huet. Dat kann d'Sproch selwer sinn, d'Orthographie, d'Phonetik, d'Grammaire oder den Dictionnaire. Dat kënnen awer och d'Gesetzer sinn, déi mat der Sprooch ze dinn hunn.

Dir sidd d'Nofolgerin vum Här Marc Barthelemy, deen elo Kommissär vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn ass. Wéi gesäit Är Zesummenaarbecht aus?

Mir hunn d'Situatioun, datt et e Kommissär gëtt. Et gëtt jo och en Zenter fir Lëtzebuergesch. Déi befaasse sech jo mat allem, wat d'Lëtzebuerger Sprooch ugeet. An ech denken, datt mir da kontaktéiert ginn, wann et ëm Avise geet. Also ech denken, mir wäerten do schonn zesumme schaffen. Do wäert den Här Barthelemy op eis duerkommen, wa Froe sinn. Mir diskutéieren déi, mir ginn eis Avisen. An dat wäert mam Zenter d'nämmlecht sinn.

Op wéi enger Grondlag ginn dës Avise gemaach, wou kënnt Ären Input hier?

Mir kënnen eis Themeberäicher selwer eraussichen, mee mir kréien eisen Input vu baussen. Alles, wat op eis duerkënnt vum Minister, vum Kommissär, vum Zenter, domat befaasse mir eis dann och.

Dir schafft grad un enger Reform vun der Lëtzebuerger Sprooch. Wat sinn déi grondleeënd Reformen, a wourëms geet et am Dokument, dat Dir ausschafft, genee?

Et geet net ëm eng riseg Reform. Et waren an deem ale Regelwierk Lächer an do hu mir probéiert, déi ze stoppen. Et ass jo esou, datt een, dee sech mat der Orthographie wëllt beschäftegen oder een, dee richteg wëllt schreiwen, dee muss jo och iergendwou Regele fanne fir erauszefannen "Wéi schreiwen ech elo wat?".

Lëtzebuergesch huet natierlech e Problemer mat de ville Friemwierder. Dat war ee vun de Schantercher. "Wéi gi mir mat de Friemwierder ëm?", "Wéi schreiwe mir déi?", waren déi Haaptfroen. An do hu mir eis ënner anerem bësse mam Buschtaf "H" befaasst aus dem Däitschen. Schreiwe mir Wale mat "H" oder ouni "H"? Wéi gi mir do vir?

Do hu mir am grousse Ganze bei ville Froen dofir optéiert, datt et einfach Variante gëtt. Datt mir einfach soen, mir hunn eng Regel, zum Beispill, datt den "H" net méi geholl gëtt fir e Vokal ze verlängeren, well mir do eis eege Regelen an der lëtzebuergesch Sprooch hunn. Et ass awer elo net verkéiert, wann een den "H" nach benotzt.

Kéint ee soen, datt Dir Iech éischter fir d'Fleeg vun der Sprooch asetzt, an net fir de Gebrauch am Alldag? Oder geet dat Hand an Hand?

Dat Eent kann ee vun deem Aneren net trennen. Déi eng Froen ergi sech souwisou aus dem aneren. Mee ech fannen et ass scho wichteg, datt een dem Lëtzebuergeschen e bestëmmte Status gëtt, ënner anerem och e gesetzleche Status, fir et ze stäipen.

Et gi Bestriewungen, fir d'Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch unerkennen ze loossen. Eng offiziell Sprooch ass eng Amtssprooch. An esou laang et keng Amtssprooch ass, keng offiziell Sprooch, kritt ee keng Subventioune vun der europäescher Unioun. Dat géif dem lëtzebuergeschen och gëtt doen, well mir sinn e klenge Maart. Wann Dir beispillsweis en Dictionnaire braucht. Zum Beispill Lëtzebuergesch-Italienesch oder Lëtzebuergesch-Portugisesch, ass net kloer, wien dat bezilt. Dat dréit sech alles net vum selwen an déi Aarbecht soll och honoréiert ginn. An do wier et natierlech gutt, wann een op esou eng Aart a Weis och e bëssen Ënnerstëtzung kréich.