Radioen

On air

Tockcity  |  The Sweet Kill - Forbidden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch an der Schoul

Webinar

Lëtzebuergesch an der Schoul

Wéi eng Forme Lëtzebuergesch kommen am Bildungssystem vir? Wéi setzt et sech gemeinsam mat de Friemsproochen zu enger multilingualer Sproochenausbildung zesummen? Doriwwer hu véier Enseignanten an enger Diskussiounsronn geschwat. Organiséiert gouf d'Ronn vum SCRIPT a vum radio 100,7.

auto_stories

2 min

Lëtzebuergesch wier d'Léier- an Integratiounssprooch am méisproochegen Educatiounssystem, do waren d'Experte Flore Schank, d'Simone Bleser an d'Maisy Gorza sech eens.

Lëtzebuergesch an der Grondschoul

Eng gemeinsam Sprooch géif bei de Kanner och séier hir staark Sprooch ginn. 2019 hätte just nach 34 Prozent vun de Kanner an der Grondschoul Lëtzebuergesch als Mammesprooch gehat, seet d'Flore Schank: Lëtzebuergesch wier dofir net d'Alldagssprooch fir vill Schüler.

D'Majoritéit vun den Enseignanten dogéint wiere Lëtzebuergesch Mammesproochler. Dowéinst misst vill um Bewosstsinn vun den Enseignantë geschafft ginn, a wéi enger Form vun der Sprooch géing benotzt ginn a wou hir Kompetenzen am beschten zum Asaz kommen.

Lëtzebuergesch am Lycée

Am Lycée soll d'Lëtzebuergesch an Zukunft och u Presenz gewannen.

Vum nächste Joer u soll och am Lycée Michel Rodange ee Pilotprojet fir d'Sektioun A lafen, esou d'Shari Schentgen: nieft Italienesch a Spuenesch kënnen d'Schüler och Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen.

An den internationale Schoulen, wéi zum Beispill zu Déifferdeng an Esch, wou d'Simone Bleser ënnerriicht, gi Coursë wéi Sport a Musek op Lëtzebuergesch gehalen. De Prinzip an de Klasse wier, datt ee vun deem anere soll léieren. Dat géif sech jo och an der Zesummesetzung vun hire Klassen erëmspigelen, wou Mammesproochler mat Schüler gemëscht ginn, déi nach keen Accès zum Lëtzebuergeschen haten.

Duerch déi weider Coursë géif och d'Nofro fir pedagogescht Material wuessen: bis ewell géif et awer nach ee Manktem u Léiermaterial fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch ze léieren.

Och bei den Erwuessene géif et eng erhéichten Nofro fir Lëtzebuergesch Coursë ginn: dëst besonnesch bei Leit, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit wéilten unhuelen oder op Aarbechtssich wieren.

D'Invitéeë fir d'Diskussiounsronn waren:

  • Flore Schank, institutrice-attachée, éducation plurilingue et interculturelle; pédagogie et didactique des apprentissages, Service de l'enseignement fondamental du ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse;
  • Simone Bleser, Lëtzebuergesch-Professesch, École Internationale de Differdange & Esch-sur-Alzette;
  • Maisy Gorza, Direktesch f.f. vum Institut national des langues;
  • Shari Schenten, Professesch, Presidentin vun der Programmkommissioun vum Lëtzebuergeschen am Enseignement secondaire;
  • Moderatioun: 100,7.