Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuergesch Course ginn ëmmer besser besicht

Sprooch

Lëtzebuergesch Course ginn ëmmer besser besicht

Dat neit Nationalitéitegesetz ass zënter dem éischten Abrëll a Kraaft. Zënterhier schreiwe sech ëmmer méi Leit fir d'Lëtzebuergesch Sproochecourse beim Institut national des langues an. Déi Tendenz no uewen huet sech awer och an deene leschte Jore schonn däitlech gewisen.

auto_stories

2 min

Vum leschten Schouljoer op dëst hätte sech ronn 400 Leit méi an d'Lëtzebuergesch Coursen ageschriwwen, seet d'Karin Pundel, Directrice vum Institut national des langues. Virun allem d'Ufänger-Course wieren direkt ausgebucht, wann d'Aschreiwunge géifen opgoen.

"Mir kéinten der wahrscheinlech nach eng ganz Rei méi ubidden, wa mir d'Méiglechkeeten hätten, fir dat ze maachen."

Fir de Sproochenexamen ze packe ginn zwou kommunikativ Kompetenze gefrot. Am Héier-Verständnes missten d'Leit den Niveau B1 erreechen, am Schwätzen dogéint dee méi niddregen Niveau A2, seet d'Karin Pundel. Nei ass, datt mat enger Genügender an engem Beräich eng Ongenügend bei där anerer Kompetenz ka kompenséiert ginn. Doduerch wier den Taux de Reussite vill méi héich ginn.

Succès onofhängeg vu Gesetz

Onofhängeg vum Nationalitéitegesetz géif een eng Tendenz spieren, datt ëmmer méi Leit sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch géifen interesséieren, seet d'Karin Pundel. Och an d'Course fir Avancéierter géife sech ëmmer méi Leit aschreiwen.

Leit, déi zënter iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen an d'Lëtzebuerger Nationalitéit wëllen, mussen noweisen, datt si 24 Stonnen un engem Cours deelgeholl hunn. Ganz vill vun deene Leit géifen awer méi laang an de Lëtzebuerger Course bleiwen, begréisst d'Karin Pundel.

Am INL schaffen eng 30 bis 35 Lëtzebuergesch Enseignanten a Chargé de Coursen, ee Professer fir d'Lëtzebuergescht an ee Formateur d'adultes.