Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liberaliséierung vun Ëffnungszäiten: Gesetzprojet bis 2020

Commerce

Liberaliséierung vun Ëffnungszäiten: Gesetzprojet bis 2020

Am spéide Fréijoer dëst Joer, no de Sozialwahlen, wëllt de Mëttelstandsminister Lex Delles Gespréicher mat de Sozialpartner féieren, iwwer eng geplangte gesetzlech Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce.

auto_stories

3 min

De Lex Delles (DP) war Deputé-Maire vu Munneref, ier datt hie Minister ginn ass.

No dëse Consultatiounen nach dëst Joer mat allen Acteure soll dann 2020 e Gesetzestext fir eng Liberaliséierung vun den Ouvertureszäite preparéiert ginn, esou den neie Minister.

"Mir wësse jo alleguer, datt mer am Moment mat den Ouvertureszäiten esou funktionéieren, datt et Exceptioune ginn, dat heescht all Geschäft wat speziell Zäite wëllt opmaache geet iwwer de Ministère, muss eng speziell Autorisatioun kréien an do hu mir jo och een Uerteel kritt, ech mengen et war d'lescht Joer, wou e Bäcker sech d'Fro gestallt huet firwat e Bäcker moies eréischt dierf méi spéit opmaache wéi d'Tankstell niewendrun, déi awer och Brout verkeeft. D'Uerteel ass ganz kloer, datt de Bäcker och soll kënnen ophunn, sou datt mer also doru musse schaffen."

Bei de Verhandlunge soll jidderee sech genee positionéieren: Duerno wier et un der Politik fir ze tranchéieren an eng Solutioun ze fannen. D'Zil wier e System an deem jidderee sech erëm fënnt. De Lex Delles wëllt den aktuelle System vun den Derogatioune bei den Ëffnungszäite stoppen an hie wëllt fir méi Autonomie a fir méi Flexibilitéit fir de Secteur suergen.

Neie Site vun der Luxexpo: Un den ëffentlechen Transport ubannen

De geplangten neie Site fir d'Luxexpo soll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg sinn, oder direkt un der Grenz dovun, esou den neie Mëttelstands- an Tourismus-Minister Lex Delles. Wichteg wier d'Ubannung vum neie Site vun e puer Hektar un den ëffentlechen Transport.

Verschidde Sitte wiere bei enger Analys zréckbehale ginn, ë.a. och deen aktuellen um Kierchbierg, wou gekuckt géif ginn, fir eng Luxexpo méi kleng ze bauen, huet de Minister erkläert. Déi nei Foireshale sollen och verstäerkt fir Konferenze kënne genotzt ginn.

Aktuelle Site: Eng Plaz fir de Logement?

Scho méi laang ass geplangt, datt d'Halen um aktuelle Site um Kierchbierg bis spéitstens 2028 solle verschwannen. Wéi soll dësen Terrain vu ronn 10 Hektar nei genotzt ginn? De Lex Delles erkläert:

"Natierlech, ech mengen et ass éischtens e ganz groussen Terrain, dee ganz gutt do läit. En ass matten um Kierchbierg, immens gutt ugebonnen iwwer den Tram, iwwer d'Busser, net wäit ewech vum Findel, besonnesch wann d'Extensioun vum Tram kënnt fir eriwwer op de Findel kënnen ze fueren. Mir wëssen alleguer, datt mer eng Logementsproblematik zu Lëtzebuerg hunn. Och do natierlech ass et interessant de Logement an d'Schaffe méi no beieneen ze kréien, dat heescht et gi ganz vill Saachen, déi een op deem Site ka maachen an dofir kommen déi Gruppen zesumme fir sech ganz genee doriwwer ze Kapp ze zerbriechen."

Wat den zukünftege Site vun der Luxexpo ugeet, wier de Moment e puer Sitten am Gespréich, huet och de President vun der Handelskammer eis de Weekend op Nofro hi gesot. De Site op der Kalchesbréck, dee scho méi laang am Gespréich ass, wier nach ëmmer aktuell. Eng aner Optioun wier e Site fir d'Luxexpo bei neie Stadion op der Kockelscheier, well dee gutt ugebonnen ass, esou de Michel Wurth.