ArcelorMittal muss aus konkurrenzrechtleche Grënn Produktiounssitte verkafen, fir amplaz dierfen den italienesche Stolkonzern ILVA ze iwwerhuelen. De Choix ass op sechs Sitten an der Belsch, Italien, Tschechien, Rumänien, Mazedonien a Lëtzebuerg gefall.
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider gesäit elo Gespréichsbedarf: Hie géif Liberty House net gutt kennen. Bannen den nächsten Deeg géif hie Vertrieder vum Grupp treffen, fir iwwer déi geplangten Iwwernam ze schwätzen. D'Konditiounen, déi d'Lëtzebuerger Regierung gestallt huet, wieren awer all erfëllt. De Site misst erhale bleiwen, d'Leit missten hir Aarbecht behalen an de Kollektivvertrag weider gëllen.
De Mëtteg ass am Wierk zu Diddeleng eng Entrevue tëschent der Direktioun an de Personalvertrieder fir iwwer dee geplangte Verkaf u Liberty House ze schwätzen.
Zu Diddeleng produzéieren eng 300 Salariéë galvaniséierte Flaachstol fir den Automobilsecteur.