Radioen

On air

Notturno  |  Andrew Heath - Catching Clouds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Librairie Alinéa mécht zou

Stad Lëtzebuerg

D'Librairie Alinéa mécht zou

De Réckgang vum Ëmsaz, héich Loyerspräisser, den Online-Handel an e Mangel un Attraktivitéit vun der Stad: Dat sinn dem Libraire Edmond Donnersbach no d'Grënn, firwat de Bicherbuttek Alinéa seng Dieren no 22 Joer wäert zoumaachen. Well d'Leit net méi all hir Kommissiounen an der Stad kéinte maachen, kéime se net méi, bedauert de Libraire.

auto_stories

2 min

Virun 22 Joer hat d'Librairie Alinéa an der Rue Beaumont hir Dieren opgemaach. An där Zäit hätt sech vill geännert. D'Aktivitéit an der Stad wär ganz anescht, wéi zu den Ufankszäite vu sengem Geschäft, seet den Edmond Donnersbach.

Den Ëmsaz wär déi lescht Jore staark zréckgaangen. Fréier wieren eng ganz Parti Leit all samschdes komm, seet de Libraire.

"An du si se all 14 Deeg komm an du si se eemol de Mount komm an du si se guer net méi komm. Voilà."

"Keng interessant Geschäfter méi an der Stad"

Dem Libraire Edmond Donnersbach no wier eng Ursaach e Mangel un Attraktivitéit vun der Stad Lëtzebuerg. "Dat ass awer elo eng ganz subjektiv Meenung. A mengen Ae si keng interessant Geschäfter méi an der Stad." Et wiere nëmme méi nach Luxusgeschäfter a vill Kleedergeschäfter do.

"Ass dat attraktiv? Wann Dir hautdesdaags ganz einfach eng elektresch Bir braucht, kënnt Dir dat an der Stad scho sou gutt wéi net méi kafen."

Et géing u Geschäfter fir Gaart, Bastelen, Haushaltsartikele feelen. D'Leit kéinte net méi all hir Kommissiounen an der Stad méi maachen, dofir kéime se net méi.

Héich Loyerspräisser

Laangfristeg wieren awer och d'Loyeren "net méi ze maachen". Fréier wieren d'Besëtzer vum Geschäft och Propriétairë vun de Raimlechkeete gewiescht. D'Generatiounen, déi dat geierft hunn, hätten awer eng aner Astellung, seet den Edmond Donnersbach.

"Du soten déi: Firwat solle mir dann doranner schaffen? Komm mir verlounen et, da kréie mir Suen eran ouni ze schaffen."

Doduerch géifen d'Käschten "dramatesch eropgoen", esou nach de Libraire.

Mä generell géingen d'Leit net méi vill liesen. Och d'Léierpersonal géing hien net méi vill a senger Librairie gesinn, seet den Edmond Donnersbach. Dobäi kéim dann nach déi grouss Konkurrenz vum Onlinehandel.

Bäitrag Mick Entringerplay_arrow

Interview mam Libraire Edmond Donnersbachplay_arrow