Assurancesecteur Liewensversécherungen ënner Drock

Den Assurancësecteur zu Lëtzebuerg huet turbulent Zäiten hannert sech. Am Joresbilan vum Assurancëverband ACA schwätzt den Administrateur Delegué Marc Hengen vu Polykris. Trotzdeem bleift de Secteur zu Lëtzebuerg op stabille Féiss.

Jacques Ganser / ll

Marc Hengen
Foto: Archiv

Lauschteren


Allgemeng gëtt fir 2022 e Réckgang vun den abezuelte Primmen ëm 5,1 Prozent op 40,2 Milliarden Euro notéiert. Des Baisse ass méi speziell op de Secteur vun de Liewensversécherungen zréck ze féieren. D'lescht Joer gouf et am Beräich Vie ee Minus vun iwwer 16 Prozent bei de Primmen, erkläert de Marc Hengen.

Onsécherheeten op de Finanzmäert

Et hätt domat ze dinn, datt d'Finanzmäert zimmlech onsécher domat gewiescht wieren. Déi vill Onsécherheete wieren haaptsächlech duerch de Krich deen ugaangen ass, déi grouss Inflatioun an déi relativ staark Augmentatioune vum Taux d'Interêt, komm.

Positiv entwéckelt huet sech dogéint de Beräich non-vie, also an der Haaptsaach Feier an Haftflichtversécherungen, hei gouf et ee plus vu 15 Prozent. Dee Plus ass allerdéngs zu ronn 93 Prozent op Clienten zréck ze féieren déi am Ausland liewen, wat weist wéi wichteg déi international Assurancenaktivitéite bleiwen.

Lëtzebuerg als Finanzplaz soll weiderhin attraktiv bleiwen

An dem Kontext wënscht sech den Assurancësecteur och dat Lëtzebuerg als Finanzplaz weiderhin attraktiv bleift. Hien ënnersträicht, datt et dowéinst wichteg wier ëmmer um Ball ze bleiwen a verschiddenen neien Tendenzen, haaptsächlech am Ausland, och kënne Rechnung droen.

Zu der Wonschlëscht un d'Parteie virun de Wale gehéiert engersäits eng méi liberal Reegelung vum Secret professionell. Dat géif d'Aktivitéiten op internationalem Plang vereinfachen. An engems sollte sous-traitances per Gesetz zougelooss ginn.

Formatioun vu qualifizéiertem Personal a manner Reglementatioun si weider Fuerderungen. Donieft wëll de Secteur och eng Moderniséierung vum Regime vun den Zousazpensiounen.

Méi zum Thema

Iwwerschwemmungen am Gronn
Nom Joerhonnert-Héichwaasser

No den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer hunn d'Assurancë Schied an Héicht vun 126 Milliounen Euro mussen iwwerhuelen. Et wier den deierste Schued fir d'Versécherungsbranche, deen et jee gouf, seet de Marc Hengen.

Marc Hengen
No den Iwwerschwemmungen

Et misst ee sech drop astellen, datt d'Assurancë méi deier ginn, wann et méi dacks zu Schied wéinst extreme Wiederphenomener kënnt, seet de Marc Hengen. D'Assureure missten driwwer nodenken, hir Primmen eropzesetzen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen