Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Limitéiert Transparenz

Staatsrot

Limitéiert Transparenz

D'DP-Deputéiert Simone Beissel ass dogéint, datt d'Auteurë vun Avise vum Staatsrot verëffentlecht ginn. D'Rapportrice vum Gesetzprojet iwwert d'Reform vum Staatsrot warnt virun enger ze grousser Politiséierung vun der Institutioun. D'Regierungsmajoritéit wëll an der Transparenz vum Staatsrot net esouwäit goe wéi d'CSV.

Zu de Verhandlunge fir den neie Concessiouns-Vertrag tëscht der Regierung an RTL seet d'Simone Beissel, datt RTL wëllt, datt de Staat an Zukunft de Finanzement vum lëtzebuergesche Sender iwwerhëlt.

auto_stories

2 min

Der CSV geet déi vun der Regierung geplangte Reform vum Staatsrot net weit genuch. Wéi de CSV-Deputéierte Paul géigeniwwer dem 100,7 erkläert huet, wëll d’CSV méi Transparenz an d’Institutioun bréngen. De Bäitrag vum Maxi Pesch:

Paul Henri Meyersplay_arrow

D'DP-Deputéiert Simone Beissel reagéiert op d’Ausso vum Paul Henri Meyers.

Fir geheim Auteurë vun Avise vum Staatsrot

D'Simone Beissel ass iwwerrascht, datt de Paul-Henri Meyers an de Reunioune vun der Chamberinstitutiounskomissioun, bis elo ni gefuerdert hätt, datt den Anonymat vun den Auteure vun engem Avis am Staatsrot verëffentlecht soll ginn. Bis elo hätt et e Konsens ginn tëscht de véier grousse Parteien (CSV, LSAP, DP an déi Gréng), datt een et béi der Reform bei enger "minimalistesch verbesserter Transparenz beléisst". Wann d'Auteurë vun engem Avis ëffentlecht ginn, kéint dat zu enger Politiséierung "à outrance" féieren. D'Simone Beissel ass dogéint, datt d'Nimm vun den Auteure vun Avise beim Staatsrot solle public gemaach ginn.

"Et ass den Avis vum Staatsrot, an net vun Heinz a Kunz", seet d'Deputéiert. Dat misst esou bleiwen, soss géing déi ganz Funktiounsfäegkeet vum Staatsrot op d'Spill gesat ginn. Fir d'DP-Deputéiert soll de Staatsrot en Zwitter-Gremium bleiwen tëscht zweeter Chamber a berodender Experteronn, deen net ze vill politiséiert ass.

Link: Dossier parlementaire vum Gesetzprojet iwwer d'Reform vum Staatsrot (n°6875)


Paradigmewiessel beim RTL-Concessiounsvertrag

De Staat kéint an Zukunft d'Lëtzebuerger Sender vun RTL finanzéieren, seet d'Presidentin vun der Chambermediekommissioun. Der Simone Beissel no soll RTL-Radio een neie Statut kréien. De Grupp Bertelsmann hätt dat verlaangt. Wann et zu engem finanziellen Engagement vum Staat soll kommen, da géing och d'Chamber mam Dossier befaasst ginn. D'Mediekommissioun misst dann aviséieren, seet d'Simone Beissel, souwuel iwwert de Cahier de charge, wéi iwwert déi ganz finanziell Interventioun vum Staat.

Fir d'Multiplizitéit vun der Medielandschaft wier et wënschenswäert wann et nach en zweeten ëffentlech-rechtleche Fernsehsender géing ginn, seet Simone Beissel. Fir den Equiliber wier dat besser, well RTL beim Fernseh eng Monopolstellung hätt.

"D'Verhandlunge mam Grupp Bertelsmann géinge gutt viru kommen, seet op Nofro hin de Jean-Paul Zens, de Regierungskommissär bei RTL. De Premier- a Medieminister Xavier Bettel géif an den nächste Wochen an der zoustänneger Chamberkommissioun Erklärungen iwwert d'Verhandlunge mat RTL ginn."