Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Associatioun fuerdert méi streng Strofe fir sexuelle Mëssbrauch

Affer hëllefen

Nei Associatioun fuerdert méi streng Strofe fir sexuelle Mëssbrauch

D'Associatioun "La Voix des Survivant(e)s" huet e puer Wochen no hirer Grënnung eng 200 Memberen, sou d'Presidentin vun der Asbl, déi Affer vu Mëssbrauch ënnerstëtzt.

auto_stories

1 min

D'Ana Pinto huet d'Asbl “La Voix des Survivant(e)s” matgegrënnt.

Déi nei Organisatioun wéilt sech ënnert anerem dofir asetzen, datt Sexualtäter, déi sech u Mineure verginn, méi streng Strofe kréien, esou d'Ana Pinto. Nieft der politescher Aarbecht, wéilt d'Asbl Leit, déi Mëssbrauch erliewen, awer och eng besonnesch Zort vun Ënnerstëtzung ubidden: De Support vu Leit, déi änlech Erfarungen duerchlieft hunn.

"Wann ee mat engem Iwwerliewende schwätzt, dee weess ganz genau duerch wat der gaange sidd. Sief et sexuelle Messbrauch, finanziellen, psychologeschen oder ebe physesch Gewalt."

D'Associatioun wëllt un der ëffentlecher Debatt deelhuelen

Fir d'Rentrée am September wéilt d'Organisatioun sech verstäerkt ëffentlech zu Wuert mellen, esou d'Ana Pinto. Ënnert anerem wéilt d'Asbl sech dofir asetzen, datt Sexualtäter, déi sech u Mineure verginn, direkt zu festem Prisong verurteelt ginn, a kee Sursis méi kënne kréien. Doduerch erhofft ee sech e méi groussen Ofschreckungseffekt, sou d'Ana Pinto.

"Wann een am Prisong lant, an d'Strofe wiere méi streng. Dann denkt een, dee sech vläicht iwwerleet fir esou eppes ze maachen [...] Et kënnt an de Casier stoen, ech kommen an de Prisong, ech verléiere mäin Job vläicht. An dann iwwerleet e vläicht zwee mol, éier en esou eppes mécht."