Radioen

On air

De Moien  |  Geklaute Konscht: d’Sich no Besëtzer a Wierker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi Kandidate mat Ambitiounen

Gemengewale Stad

Dräi Kandidate mat Ambitiounen

Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet bei enger Table ronde op eiser Antenn betount: Wa si béi de Gemengewalen e Sonndeg Zweet op der DP Lëscht géif ginn, géif si keen Usproch op de Buergermeeschterposten an der Haaptstad méi stellen.

auto_stories

2 min

Wann si an d'DP an hire aktueller Positioun confirméiert oder gestäerkt ginn, géif si als Buergermeeschtesch e komplett Mandat vu sechs Joer fäerdeg maachen, esou d'Lydie Polfer op eiser Table ronde, bei där och nach hir zwee Erausfuerderer Serge Wilmes vun der CSV a François Benoy vun déi gréng derbäi waren.

Benoy a Wilmes rechne sech Chancen aus

Dee geet mat der Ambitioun an d'Walen, de Chef um Knuedler ze ginn, och wa seng Partei dofir wuel fënnef bis zéng Prozent misst kréie wéi nach viru sechs Joer.

"Déi Walen hei sinn op, et ass un de Leit dat ze decidéieren. A mir gi ganz positiv do eran. Ech hunn ee Joer virun deene Gemengewale mat der Campagne ugefaangen, ebe just well et en neien Usproch ass fir déi gréng."

An och de Serge Wilmes rechent sech natierlech Chancen aus. Hie betount, datt et bei der CSV och kloer ass, wie Spëtzekandidat ass.

"Fir d'éischt emol ass et esou, datt mir e ganz klore Choix ubidden. Mir trieden u mat engem (Buergermeeschter-)Kandidat, mir hunn der net zwee oder dräi. Et ass also gewosst, wien nächste Buergermeeschter gëtt, an dat wierklech och fir déi voll nächst sechs Joer. Dat Wuert hutt Dir ganz kloer. Net wéi an der Vergaangenheet Leit, déi gesot hunn, si géife Buergermeeschter bleiwen, et awer net bliwwe sinn."

Polfer: Erneierung ubidden

D'Lydie Polfer ass der Meenung, datt d'DP-Lëscht net nëmme fir Kontinuitéit steet, mee gläichzäiteg och fir Erneierung.

"Wann awer de Bierger mengt, e wéilt eng Ernierung hunn, da bidde mir och op eiser Lëscht ganz vill Léisungen un: Mir hunn eng ganz jonk Lëscht, mir hunn aacht Kandidaten ënner 35 Joer, ganz vill am mëttleren Alter. Also et ass um Bierger ze soen, wien e mengt dat dann an Zukunft kéint dat am beschte leeden."

Op d'Fro hin, ob si och als Zweetgewielt op der DP-Lëscht géing Usproch op de Buergermeeschterposte géing erhiewen, sot d'Lydie Polfer: "Ah ganz bestëmmt net! Dat kann ech ganz kloer soen."