Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - Hawos (Give Me Love)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nordstad: Dikrecher Oppositioun stellt Fusioun zu fënnef a Fro

Méiglech Fusioun

Nordstad: Dikrecher Oppositioun stellt Fusioun zu fënnef a Fro

De Projet Nordstad soll aus fënnef Gemengen eng maachen: Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Bettenduerf a Schieren géife fusionéieren. Dat ass d'Iddi, déi um Dësch läit. Mee zwee Dikrecher Oppositiounsvertrieder bréngen elo eng méi kleng Fusioun an d'Spill.

auto_stories

2 min

headphones

27 min

play_arrow
V. l. n. r.: José Lopes Gonçalves (DP), Claude Thill (LSAP), Charel Weiler (CSV). (Foto: Lisa Lahos)

Den CSV-Conseiller Charel Weiler an den DP-Conseiller José Lopes Gonçalves hunn an enger 100,7-Table-Ronde zu Dikrech duerchblécke gelooss, datt si sech och eng Fusioun vun dräi Gemenge kéinte virstellen. Eng Fusioun zu fënnef wier fir d'Dikrecher DP op alle Fall "keng Prioritéit méi", esou de José Lopes Gonçalves.

De Charel Weiler seet iwwerdeems, d'CSV géif sech zwar weider eng Fusioun tëscht de fënnef Gemenge wënschen. Et géif een awer mierken, datt d'Bedenke géintiwwer dem Fusiounsprojet an deene méi klenge Gemenge méi grouss wieren, wéi zu Dikrech oder zu Ettelbréck. D'CSV kéint sech dofir och "eng Fusioun zu dräi virstellen, wann de Prozess weider schleeft a schleeft".

Nordstad: Kleng Gemenge sinn dofir

Datt déi kleng Gemengen eng Fusioun géifen ausbremsen, wëllt de Buergermeeschter vu Schieren, Eric Thill, esou net stoe loossen. Hien schwätzt sech kloer fir eng Nordstadfusioun aus. Dat misst awer duerchduecht geschéien. Et misst ee fir d'éischt mat de Leit schwätzen, fir hiren Iddien a Bedenke Rechnung ze droen. Ier een awer ee Referendum mécht, misst een de Bierger awer konkret Projete virstelle kënnen. Doru soll weiderhin zu fënnef zesummegeschafft ginn, erkläert den Eric Thill.

"Stand haut ass eng Fusioun fir mech vu fënnef d'Zil. Dat ass ganz kloer meng Meenung. Dofir well ech mech weiderhin asetzen an dat ass och meng Ambitioun, fir nom 11. Juni, wann ech nach eng Kéier gewielt ginn, weider an déi Richtung ze schaffen."

Deemno wier et un den nächste Gemengeréit vun alle fënnef Gemengen, fir méi transparent zesummen ze kommunizéieren a weider ze schaffen. D'Siicht vun de Bierger misst méi abezu ginn. Där Meenung ass och de José Vaz do Rio, Schäffen zu Bettenduerf.

"C'est pas à moi de décider, c'est à nos conséquents. On a 3.000 habitants dans notre commune, je vais pas décider pour eux."

Bei der Fro, ob de José Vaz do Rio weider un enger Nordstadfusioun festhält, huet hien sech nach zeréckgehalen.