Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Escher LSAP: Koalitioun mat der CSV ausgeschloss

Gemengewalen 2023

Escher LSAP: Koalitioun mat der CSV ausgeschloss

Den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo hätt näischt dogéint fir och nom 11. Juni weider mat Gréngen an DP an enger Koalitioun zesummen ze schaffen. Dat sot hien de Moien hei op der Antenn am Kader vun enger Escher Table ronde virun de Gemengewalen. Allerdéngs wier hien och fir aner Optiounen op. Just eng Zesummenaarbecht mat der ADR schléisst de Georges Mischo aus.

auto_stories

2 min

V. l. n. r..: Georges Mischo (CSV), Steve Faltz (LSAP), Meris Sehovic (déi gréng) a Line Wies (déi Lénk). (Foto: Chris Zeien)

Lauschtert d'Emissioun "Invité vm Dag"play_arrow


Trotz ënnerschiddlecher Stäerkt wat d'Zuel vu Mandater am Conseil ubelaangt hätten CSV, déi gréng an DP déi lescht sechs Joer ëmmer gutt am Escher Schäfferot zesummegeschafft. Dat sot de chrëschtlech-soziale Buergermeeschter Georges Mischo. Dofir kéint schwaarz-gréng-blo an der Minettsmetropol duerchaus eng Zukunft hunn.

"Ech ka mir virstellen, datt dat do ka weidergoen. Mee ech ka mir och aner Saache virstellen. (...) Eng Koalitioun mat der ADR wäert d'CSV awer secher net agoen."

LSAP: "progressistesch a modern" Koalitioun

Eng Zesummenaarbecht mat der LSAP wier fir de Georges Mischo also duerchaus denkbar. Den LSAP-Spëtzekandidat Steve Faltz ka sech, fir säin Deel, awer keng Koalitioun mat der CSV virstellen.

"Mir hunn ëmmer am Virfeld gesot, datt mir fir d'éischt emol de Wieler schwätze loossen, ier mir iwwer Koalitioune schwätzen. Eisen Usproch ass, als eng Partei, déi ëmmer hei an der Responsabilitéit war, eng progressistesch a modern Koalitioun unzeféieren."

Méiglech Partner wieren do déi gréng, déi Lénk oder och d'DP, sou nach de Steve Faltz - awer keng CSV.

Nieft dem Georges Mischo an dem Steve Faltz waren och déi Lénk mam Line Wies an déi gréng mam Meris Sehovic op dëser Table ronde vertrueden.