Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - One With The Freaks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LNS: En nationale Referenzzenter

Staatslabo

LNS: En nationale Referenzzenter

De "Laboratoire national de santé" wäert an Zukunft en Acteur ginn an der Fuerschung a Léier, erkläert d'Presidentin Simone Niclou. Mam Monopol fir Analysen an der Pathologie soll dem Staatslabo seng national Kompetenz gestäerkt ginn. Der Kriibsfuerscherin no misst een sech un der Konkurrenz mam Ausland moossen.

auto_stories

2 min

All Wëssenschaftler misst sech konstant mat der ethescher Fro ronderëm d'Fuerschung ausernee setzen. Sief dat Déierenexperimenter, oder wéi weit ee mat engem Fuerschungsresultat ka goen, seet d'Simone Niclou, déi an der Kriibsfuerschung e Laboratoire am LIH (Luxembourg Institute of Health) leed. Déi ethesch Froen an der Fuerschung a Wëssenschaft géifen doriwwer eraus déi ganz Gesellschaft eppes ugoen.

Déiereversich sinn nach noutwenneg

Aktuell kéint d'Wëssenschaft net op Déiereversich verzichten. "Déi gréisste medezinesch Fortschrëtter sinn erreecht gi mat Hëllef vun Déieren. Impfstoffer, Antibiotiken, Organtransplantatiounen ... sinn all eng Kéier op Déiere getest ginn." Et géif haut nach ëmmer Krankheete ginn déi net heelbar sinn - Kriibs, Alzheimer, Parkinson - do géifen nach Déiere gebrauch ginn. Zu Lëtzebuerg däerf op Mais, Raten an Zebrafësch gefuerscht ginn.

Monopol a Konkurrenz

D'Kriibsfuerscherin begréisst, datt de Laboratoire national de Santé, iwwert Gesetz als eenzege Laboratoire Analysen an der Pathologie däerf maachen. Dobäi géif et net ëm de "Monopol" goen, mä ëm eng Konzentratioun vu Kompetenzen, déi d'Qualitéit vun den Analysen an d'Luucht géif setzen.

D'Simone Niclou schléisst awer net aus, datt an Zukunft och d'Privatlaboen am Beräich vun der Pathologie kënnen Analyse maachen. Selwer géif de Staatslabo just nach zéng Prozent vu sengen Analysen an der Pathologie an d'Ausland schécken. Doduerch wieren d'Resultater méi séier ginn. "Konkurrenz moosst sech um internationalen Niveau".

En Acteur fir Fuerschung a Léier

Et war e gudde Choix fir d'Biobank an d'Gebailechkeete vum Staatslabo ze placéieren, seet d'Presidentin vum LNS. D'Biobank stockéiert biologesch Echantillonen. "Elo sëtze si un der Source." Den IBBL ("Integrated Biobank of Luxembourg") kéint vun der Masse vun Echantillone vum LNS profitéieren. Aktuell géif de rechtleche Kader nach gekläert ginn, wat de d'Zoustëmmung vun de Patienten ugeet, an d'Fro wat d'Biobank duerno mat deenen Echantillone mécht.

Dernieft hätt de LNS eng Missioun fir d'Fuerschung z'ënnerstëtzen. Aktuell géif et eng Zesummenaarbecht mam LIH ("Luxembourg Institute of Health") ginn, fir eng Plattform fir d'Sequenzéiere vu Genomer. D'Professeren a d'Pathologen um LNS kéinten op der Universitéit Coursen halen. D'Kriibsfuerscherin ass dofir, datt een enges Daags op der Uni Lëtzebuerg eng integral Ausbildung fir den Dokter an der Medezin ka maachen.