Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LNS wëllt ee representativen Echantillon

Variante vum Coronavirus

LNS wëllt ee representativen Echantillon

Déi aktuell Donnéeën iwwer d'Virusvarianten zu Lëtzebuerg wieren net representativ, seet den Dr. Jean-Claude Schmit. Dem Direkter vun der Santé no géif de Staatslabo (LNS) un engem representativen Echantillon schaffen. Eventuell wier dee bis d'nächst Woch prett.

auto_stories

3 min

Den Ament géifen haaptsächlech Clusteren ënnersicht ginn. Deemno wier et normal, datt verschidde Formen an deene Clusteren iwwerrepresentéiert wieren. Déi méi aggressiv Virusvariante wieren och zu Lëtzebuerg erëmzefannen, mee et wéisst een eben net a wéi engem Mooss.

D'Virusvariante wieren och deelweis ënner Kontroll. Am Lënster Lycée wier d'Variant B.1.1.7, déi sougenannt "brittesch" Variant, bei véier Persounen detektéiert ginn. Dono nach bei zwou, an du wier se do net méi virugaangen.

"Et geet net drëm eppes ze verstoppen oder ze retardéieren", esou de Jean-Claude Schmit. Et bräicht ee just e representativen Echantillon. Dofir wier een den Ament virsiichteg bei der Interpretatioun vun den aktuellen Donnéeën.

Besser Donnéeën

Bis Enn d'nächst Woch wéilt ee besser Donnéeën hu fir datt d'Regierung kéint decidéieren, wéi et weider geet. "Mir sinn den Ament an enger Situatioun, wou ee schwéier ka viraussoen, wéi et déi nächst Deeg a Woche virugeet", esou den Direkter vun der Santé.

Bis Enn Februar wëllt den LNS iwwerdeems op véier Achsen méi Fäll sequenzéieren an op Varianten testen:

  • Vun all hospitaliséierte Patient soll eng Prouf geholl ginn;
  • All positive Fall, deen um Flughafen opgefall ass;
  • Clustere sollen iwwerpréift ginn;
  • E geographeschen an altersspezifeschen Echantillon soll op d'Bee gestallt ginn.

De Contact Tracing géif den Ament nach nokomme fir d'Kontakter vu Leit mat engem positiven Test ze retracéieren. Ongeféier 300 oder 350 positiv Fäll den Dag wiere fir de Contact Tracing ze packen. Déi lescht siwen Deeg goufen et am Schnëtt 157 positiv Fäll den Dag.

Lëtzebuerg ass aktuell e Risikogebitt

Aktuell ass Lëtzebuerg als Risikogebitt vum däitschen RKI agestuuft. Dat betrëfft all Länner, déi en Taux d'incidence vun iwwer 50 hunn, also méi wéi 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner op siwen Deeg.

Länner, déi en Taux d'incidence iwwer 200 hunn, ginn als "Hochrisikogebiet" agestuuft. Mëttlerweil huet den RKI och eng Lëscht agefouert fir Länner, wou nei Varianten zirkuléieren. Aktuell sinn hei 12 Länner op dëser Lëscht, dorënner Portugal, Irland oder och Groussbritannien.

Ënner wéi enge Konditiounen ee Land op d'Lëscht vun de Varianten ageschriwwe gëtt, wollt de Robert-Koch-Institut op Nofro hinn net matdeelen. Dës Lëschte géife vun verschidde Ministèren opgrond vu qualitativen a quantitative Krittären definéiert ginn.

Fir Leit, déi sech an de leschten zéng Deeg an engem Land opgehalen hunn, an deem déi verschidde Virusvarianten zirkuléieren, gëlle méi streng Restriktioune bei der Arees.