Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lobby-Transparenz: EU-Parlament deet sech schwéier

Lobbyismus an der EU

Lobby-Transparenz: EU-Parlament deet sech schwéier

Et gëtt geschat, datt zu Bréissel ronn 25.000 Lobbyisten probéieren, ob EU-Politik Afloss ze huelen. De Gros schafft fir d'Industrie, et gëtt awer och Intressevertrieder vun nationalen a regionale Verbänn, vum Konsumenten- an Ëmweltschutz. Hiren Asaz soll méi transparent ginn, sou ee vun de gudde Virsätz vun EU-Politiker. Allerdéngs ass d'Iddi, dat e Register vu Lobbyisten obligatoresch gëtt, ëmstridden. Virun allem déi national Regierunge wiere sech dogéint, mee och am Europaparlament ass nach laang net jiddwereen dofir.

auto_stories

3 min

Een Deel vum Europa-Parlament wiert sech dogéint, sech virschreiwen ze loossen, datt ee Lobbyist sech fir d'éischt muss enregistréiere loossen, éier en Europadeputéierten eng Reunioun mat him huet. "Natierlech soll ee Parlamentarier kënne mat jiddwerengem schwätzen. Wann een awer Lobbyiste vertrëtt, sollt dat transparent sinn. An dat sollt och fir d'Parlament gëllen.", seet de Sven Giegold, Europadeputéiert vun deene Gréngen.

Fräiheet vum Mandat als Argument géint een obligatoresche Register

D'Fräiheet vun hirem Mandat seet effektiv, dat keng Partei oder soss een, een Deputéierte dierf zwéngen, sech op eng bestëmmten Aart a Weis ze verhalen.

Et geet awer net drëm, datt all Reunioun mat engem Lobbyist muss deklaréiert oder enregistréiert ginn, sou de Sven Giegold. "Et geet em Gespréicher mat Intressevertrieder, déi am Kader vun engem Gesetzesgebungsverfahre lafen."

Zil ass et, datt sech déi dräi EU-Institutiounen eens gi fir zesumme Reegelen op d'Been ze stellen, also Parlament, Europäesch Kommissioun an de Conseil, an deem d'Memberlänner vertruede sinn. D'Kommissioun ass hei mam gudde Beispill no vir gaangen an huet ee verbindlecht Lobby-Register agefouert. D'Parlament soll dat och maachen, hat sech de Vizepresident vun der Kommissioun, de Frans Timmermans an engem Bréif opgereegt an d'Gespréicher tëschent den Institutioune bis op Weideres op Äis geluecht.

EU-Kommissioun mécht Drock

D'Kommissioun huet Recht, seet dozou de Sven Giegold. D'Sozialistin Sylvie Guillaume, déi am Numm vum Parlament an dësem Dossier verhandelt, gesäit dat ganz anescht. Kommissioun a Parlament wiere net vergläichbar seet si: "D'Parlamentarier si keng Fonctionnaire vun der Kommissioun. Fir si gëllt d'Fräiheet vum Mandat. En plus gëtt et hei keng eenheetlech Positioun am Parlament."

Déi Fräiheet vum Mandat steet effektiv a Kontradiktioun mat der Contrainte, just nach dierfen enregistréiert Lobbyisten ze gesinn, dat huet och de juristeschen Déngscht vum Parlament Enn November confirméiert. Am Avis gëtt awer och festgehalen, datt d'Flicht, all Reunioun mat Lobbyiste public maachen ze mussen, net géint déi Fräiheet vum Mandat verstéisst.

Reunioune mat Lobbyiste public maachen

Fir dee Kompromëss huet elo Enn där leschter Woch eng ganz dënn Majoritéit an der Verfassungs-Kommissioun am Parlament gestëmmt.

Eelef Deputéiert waren dofir, zéng dogéint. Am Januar geet de Kompromëss an d'Plenière an et bleift spannend, ob sech do eng Majoritéit dohannert stellt.

D'Sylvie Guillaume verweist och op d'Memberlänner, déi sech an deem Punkt nach musse beweegen: "Et gouf op deem Niveau e bësse Fortschrëtter, mee déi mussen fir d'éischt emol nach stabiliséiert ginn."

Lëtzebuerg fir obligatorescht Register

Effektiv hu sech d'Memberlänner bis elo op deem Dossier éischter géint Obligatioune gewiert. Déi nei Lëtzebuerger Regierung wëllt dee Blockage elo opginn. Dat gouf all Zäit am Koalitiounsaccord tëschent blo, rout a gréng annoncéiert. Lëtzebuerg géif all Initiativ fir een obligatoresche Register fir Lobbyisten ze schafen ënnerstëtzen, gouf an deem Accord festgehalen.