Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: Déi Jonk Gréng fuerdere méi Aktioun vun der Regierung

Wunnen

Logement: Déi Jonk Gréng fuerdere méi Aktioun vun der Regierung

An der Logementskris muss d'Regierung endlech ëmsteieren, fuerderen déi Jonk Gréng. Virun der Press hu si de Freideg de Moien eng Rei Proposen op den Dësch geluecht mam Zil méi bezuelbare Wunnraum ze schafen. De Staat soll mëttelfristeg zwee Prozent vum PIB, oder 1,2 Milliarden Euro an de bezuelbare Wunnraum investéieren.

auto_stories

2 min

Fir dat ze finanzéieren, misst ee nei Recette fannen. Steiervirdeeler fir Investisseuren, ewéi den amortissement accéléré missten ofgebaut ginn. Weider fuerderen déi jonk Gréng datt Ierfschaften a gréisser Verméije méi konsequent besteiert ginn.

Déi Jonk Gréng proposéieren datt ee Wunnengen déi eidel stinn an ongenotzte Bauterraine verstäerkt besteiert. D'Zil ass et der Spekulatioun entgéintzewierken. De Fabrizio Costa vun déi jonk Gréng.

De Fabrizio Costaplay_arrow

"Dofir brauche mer endlech d'Reform vun der Grondsteier gekoppelt un eng konsequent Besteierung vun Terrainen innerhalb vum Bauperimeter. Mir fuerderen d'Inneministesch op, datt se nach an dëser Legislaturperiod e Gesetzesprojet virleet. Gläichzäiteg ass et och genau sou wichteg, datt d'Regierung och schonn Diskussiounen iwwer den Taux vun där Besteierung féiert an och no bausse kommunizéiert. Eis schwieft hei en Taux tëscht 10 a 15 Prozent vum Wäert vum Terrain vir, well den Taux muss méi héich sinn, wéi de järleche Gewënn vum deen een duerch den Terrain mécht. Alleng d'Tatsaach, datt d'Regierung géif no bausse kommunizéieren, datt se en héijem Taux wäert aféieren an datt d'Reform tatsächlech kënnt, alleng dat ass schonn ee Signal no baussen, datt sech an Zukunft spekuléieren net méi lount."

Eng aner Finanzéierungsquell wier de Verkaf vun de staatleche Participatiounen an de Banken, déi ee wärend der Finanzkris gerett hat.