Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - Main Title, aus 'Jurassic Park' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logement: Et feelt net un Terrainen

Chamberwahlen 2018

Logement: Et feelt net un Terrainen

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron, Fuerscher um LISER a Coordinnateur, vum Observatoire de l'Habitat. Lëtzebuerg wier net dat eenzegt Land, mat Haussë vun den Immobilliëpräiser. Anescht wéi zum Beispill an Däitschland, wier d'Specificitéit vu Lëtzebuerg awer, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt, seet de Julien Licheron.

auto_stories

3 min

Julien Licheron

Hie wier net an enger Positioun ze soen, wat d'Politik dogéint maache kann oder soll. Een Haaptproblem wier awer nach ëmmer, datt vill Proprietären hir Terrainen net verkafen. 2.700 Hektar Land sinn den Ament am Bauperimeter - op 1000 Hektar dovunner kéint kuerzfristeg mat Bauen ugefaange ginn.

Dat si sougenannt "Baulücken", eidel Bauplazen bannent den Uertschaften. Fir déi 1.700 aner Hektaren Terrain kënnen ze notzen, wier e bësse méi Virlafzäit néideg.

Trotzdeem kéinten op deene gutt 2.700 Hektar an engem raisonnabelen Delai tëscht 50.000 an 80.000 Logementer entstoen, ouni datt de Perimeter misst erweidert ginn. Déi Zuelen nennt de Julien Licheron, Chercheur um LISER a Coordinateur vum Observatoire de l'Habitat.

Fir der Demande nozekomme missten all Joer 6.500 nei Wunnenge geschaaft ginn, et entstinn der awer nëmmen 2.700 - also manner wéi hallef esou vill wéi der géife gebraucht ginn.

"Keng Immobiliëblos"

Déi héich Demande an déi niddreg Offer géifen dozou féieren, datt d'Präisser héich sinn. Dat wier en normale Virgank, dofir kéint een och net vun enger Immobiliëblos zu Lëtzebuerg schwätzen, seet de Julien Licheron.

An deene meeschte Länner, déi an den 90er-Joren an 2007 eng Immobiliëblos kannt hätten, hätt et zäitweis eng Iwwerproduktioun u Logementer ginn. Dobäi wier eng spekulativ Demande komm; vill Leit hätte just Immobilië kaaft, fir kuerz- oder laangfristeg Gewënner ze maachen.

Dat wier fir Lëtzebuerg awer net wouer. Hei hätt et zu kengem Zäitpunkt eng Iwwerproduktioun u Logementer ginn, seet de Julien Licheron.

"Méi Terrainen op de Marché bréngen"

Et misst ee villméi d'Proprietären dozou kréien, Terrainen ze verkafen. Fir dat ze erreeche kann een op repressiv Moossnamen zeréckgräifen, wéi eng Taxatioun vun eidelen Terrainen oder och eng Augmentatioun vun der Grondsteier. Et ginn awer och positiv Mesuren. De Julien Licheron verweist op lokal Experienzen am Ausland.

An der Schwäiz an an Däitschland hätt et kommunal Initiativë ginn, wou Gemengen zesumme mat Proprietäre gekuckt hätten, firwat Terrainen net esou séier op de Marché kommen, wéi se kéinten.

Froen déi esou Initiative géifen opwerfe wieren: "Ass et wéinst der Komplexitéit vun de Mesuren? Sollt den Terrain als Investissement fir d'Kanner gehale ginn?"

Et kéinten awer och steierlech oder spekulativ Grënn ginn, firwat en Terrain gehale gëtt amplaz en ze verkafen. Dacks wéissten d'Proprietären awer och net, wéi se sech sollen uleeën, wéi eng administrativ Demarche misste gemaach ginn, a wien déi richteg Interlocuteure sinn. An all deene Fäll kéinten d'Gemenge virun hëllefen.

D'Agence Immobilière Sociale hätt och nach eng méi onkonventionell Iddi, sou de Julien Licheron.

Zu Lëtzebuerg géife vill Proprietären hier Terrainen eidel stoe loossen. Eventuell wieren se awer bereed, hier Terrainen u Locatairë ze verlounen. D'SNHBM kéint sech virstellen, fir op esou Terraine modular Haiser ze bauen, fir méi flexibel Strukturen ze hunn.