Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logementspräisser: +11,4 Prozent par Rapport zum leschte Joer

E monozentresche Marché

Logementspräisser: +11,4 Prozent par Rapport zum leschte Joer

D'Hausse vun de Logementspräisser am zweeten Trimester 2019 ass "zwar net historesch héich, mee d'Ausmooss dovun ass markant", seet de Julien Licheron vum Fuerschungszenter LISER. All d'Präisser wieren deemno staark eropgaangen, ob bei den Haiser, den Appartementer, alen oder neie Konstruktiounen.

auto_stories

2 min

Julien Licheron vum LISER

Déi neisten Zuelen, déi de Méindeg vum LISER a vum Statec publizéiert goufen, weisen, datt am am zweeten Trimester 2019 d'Präisser um Logementsmarché ëm 11,4 Prozent par Rapport zum leschte Joer geklomme sinn. Een Haus zum Beispill kascht an der landeswäiter Moyenne ronn 742 Dausend Euro. An der Stad läit dee Präis am Duerchschnëtt bei 1.160.000 Euro. Den Ënnerscheed tëschent Stad a Land erkläert sech dem Julien Licheron no virun allem duerch d'Distanz tëschent Wunn- an Aarbechtsplaz, seet de Fuerscher Julien Licheron.

Ronn d'Hallschent vun de Servicer, Commercen an Aktivitéite géife sech an der Stad konzentréieren. D'Zäit, déi ee bräicht fir vun doheem op d'Aarbecht, wier e wichtege Facteur, seet de Fuerscher. De Julien Licheron schwätzt vun engem monozentreschen Immobiliëmarché: Wat d'Immobilië méi wäit vun der Stad ewech léichen, wat d'Präisser méi niddereg wieren.

Investitioun a Steen rentéiert sech momentan extrem zu Lëtzebuerg

An Immobilien ze investéieren wier zu Lëtzebuerg ganz interessant an dat géif sech méiglecherweis och net sou séier änneren, sou de Julien Licheron. Hie stellt fest, datt och d'Fiskalitéit hiren Deel dozou géif bäidroen, datt Investitiounen an Immobilien esou lukrativ wieren, virun allem wann een Neibaute géif verlounen, onofhängeg vun de finanzielle Capacitéiten an der deelweis Defiscalisatioun vun de locativen Investissementer.

Den Investissement a Stee géif generell zu Lëtzebuerg weiderhin immens interessant bleiwen, souguer ouni déi steierlech Komponent ze betruechten, an zemools am Verglach mat aneren Investitiounsméiglechkeeten, déi momentan net rentabel sinn.