Logement Logementspräisser: Gemenge wäerten an Zukunft beim Baue méi virsiichteg sinn

Och d'Gemenge kréien déi aktuell Situatioun um Logementsmarché ze spieren: an eng Partie vun hinne wäerten an den nächste Jore méi virsiichteg musse sinn, wann et drëm geet ze bauen, seet de President vum Gemengesyndikat Syvicol am 100,7-Interview. D'Gemengen hätten aner finanziell Contrainte wéi de Staat. Zwar wier de Wëllen do, fir an de Logement ze investéieren, mee d'Moyenen net onbedéngt, sou den Emile Eicher

Christiane Kleer / cbi

Illustratioun Logement
Foto: Bigstock / Jastock

Lauschteren


D'Hausse bei de Präisser vum Bauen trëfft d'Gemenge genee sou wéi zum Beispill privat Stéit, seet de Syvicol-President. De Problem wier et, datt déi real Kafkraaft erofgeet.

D'Gemenge kréiche wuel 10 Prozent méi iwwer d'Dotatioun, mee do wäert ee gudden Deel schonn op Revenuen an op d'Léin "dropgoen", seet den Emile Eicher.

Déi méiglech Konsequenz wier méi Virsiicht a méi Ofwaarden am Logementsberäich, sou dem Emile Eicher. Hie kéint sech virstellen, datt verschidde Gemengen ee bis zwee Joer ofwaarde wëllen.

Projete ginn zeréckgesat

Verschidden Nopeschgemenge vu Klierf hätten och Schoulen oder aner gréisser Infrastrukturen zeréckgesat fir sech "méi Loft ze ginn", erkläert de CSV-Buergermeeschter vu Klierf.

Als Beispill nennt hien d'Gemeng Wëntger: déi flächeméisseg gréisste Gemeng am Land huet decidéiert ee Schoulprojet aus finanzielle Grënn zeréckzesetzen.

Aner Problemer wéi beim Staat

Anescht wéi de Staat hätten d'Gemengen ebe manner Sputt. Si géifen deemno och manner a Fro komme fir och iwwer eng méi schwiereg Period garantéiert Opträg u Promoteuren erauszeginn.

"De Staat ka sech de Budget gi wéi ee wëllt, mir net. Op där enger Säit hänke mer vun der Dotatioun of déi mer kréien, op där aner Säit hu mer séier wéineg Spillraum fir eege Ressourcen ze kréien."

Marge hunn d'Gemengen awer wann et ëm dat Administratiivt geet. Zwar géife manner Baugeneemegungen - an och manner Virgespréicher vu Promoteuren - ugefrot ginn, mee bei deenen déi et ginn, kéint ee méi séier virukommen, sou nach den Emile Eicher.

Et soll een déi Dossieren net ze laang analyséieren, mengt de President vum Syvicol:

"Et kënnt och elo drop un, datt d'Gemenge weisen, datt se de Wëllen hunn datt elo eppes geschitt, mat de Moyenen, déi se eben hunn, an der Prozedur an der Berodung méi aktiv ze gi wéi virdrun nach."

Méi zum Thema

Logement
Monitoring vum LISER

D'Ziler vum Pacte Logement 1.0 si bei wäitem net erreecht ginn, dat geet aus engem Monitoring vum LISER ervir. Den éischte Pacte Logement war vun 2008 bis 2020 a 96 Gemengen a Kraaft.

Lëtzebuerg
Internationale Wärungsfong

Den Internationale Wärungsfong lueft de Pacte Logement 2.0 an de Baulandvertrag. Déi Mesurë ginn dem IWF awer net duer - si maache Lëtzebuerg konkret Proposen, zB keng Leit am Secteur public méi anzestellen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen