Lëtzebuerger Arméi Logistesch Erausfuerderung bei Liwwerung vu Militärmaterial

Déi Lëtzebuerger Arméi ass bereet, dat versprachent Militärmaterial fir d'Ukrain direkt ze liwweren. De Moment géifen d'Koordinatioune lafen, fir festzeleeën, iwwer wéi eng Weeër déi 100 Panzerofwier-Waffe mat Munitioun, déi 15 Militärzelter an d'Jeepen an d'Ukrain kënnen transportéiert ginn, seet den Arméischef Steve Thull. De Generol schwätzt vun enger "ganz grousser logistescher Erausfuerderung".

Serge Kesseler / rb

Steve Thull
Den Arméischef Steve Thull. Foto: Archiv

Lauschteren


De Verdeedegungsminister François Bausch huet gesot, datt et wéinst dem Krich an der Ukrain eng Ufro vun der NATO géif ginn, fir Kommunikatiounsméiglechkeeten iwwer de Satellit LuxGovSat zur Verfügung gestallt ze kréien.

A priori wier e bereet dat ze maachen, seet de Minister. An den nächsten Deeg soll gekläert ginn, wat genee verlaangt gëtt.

Grad wéi nom 11. September 2001 wäert d'Welt no dësem Krich "e wéineg anescht dréien", mengt de Lëtzebuerger Arméischef Steve Thull:

"Dat hei gesinn ech nach eng Kéier total anescht: An Zukunft wäert déi ganz Defense anescht opgestallt ginn. An do wäerten dann och Retombéeën à long terme op eis duer kommen."

Ukrainer géife "gutt dogéint halen"

Beim Krich an der Ukrain falen dem Generol zwee Phenomeener op. Deen éischte wier deen, datt de President Putin eng Feelaschätzung gemaach hätt, wat d'Kampfmoral vun den Ukrainer ubelaangt, seet de Steve Thull. Déi géife gutt dogéint halen, an et wier och deem Kader, an deem déi Bewaffnung gefrot wier.

Donieft hätt de russesche President warscheinlech net domat gerechent, datt d'Staate vun der Europäescher Unioun a vun der NATO esou geschlossen do stéingen, stellt de Steve Thull fest:

"D'Union fait la force an ech denken, dat wäert [dem Wladimir Putin] ze schafe maachen. A wa mir dat do op eng laang Zäit duerchstinn, da gëtt et ëmmer méi schwéier fir hien."

E wichtege Punkt am aktuelle Krich ass deen, ob d'Ukrain Member vun der NATO ka ginn. De Lëtzebuerger Arméischef evaluéiert d'Warscheinlechkeet dofir esou:

"Wann Hostilitéiten am gaange sinn, war et nach ni am gaangen een opzehuelen. Et ass wéinst dem Artikel fënnef, well eng Aggressioun op ee vun de Länner géif automatesch heesche Bündnisfall: alleguerten zesummen an den Asaz goen. An Dir kënnt Iech jo virstellen, wat dat elo géif heeschen. Dat ass elo momentan net dran."

Méi zum Thema

Frank Wies
Fräie Mikro

Déi russesch Attack op d'Ukrain soll eis net nëmme betraff maachen, mee all Bierger dozou beweegen, méi genee ze kucken, wéi eng Konsequenzen d'Politik vun eisem Land huet, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

Rubel
Ukrain-Konflikt

Zanter e Méindeg Moien ass et eescht mat den europäesche Wirtschaftssanktioune géint Russland. Dat huet Konsequenzen op ville Niveauen, virun allem déi russesch Zentralbank ass vun de Sanktioune viséiert.

Boris Bilan ënnerwee op d'ukrainesch Grenz
E Lëtzebuerger ënnerwee op d'ukrainesch Grenz

De Boris Bilan ass zanter gëschter Owend ënnerwee fir vum Houwald aus op déi polnesch-ukrainesch Grenz ze kommen. Voll gepaakt bis uewenhi wäert hien Donen an ee Spidol bréngen. Um Réckwee wëllt hien Ukrainer mat op Lëtzebuerg bréngen.

Illustraiotun Tansport Panzerofwierrakéit
Krich an der Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'Memberlänner wëllen ënner anerem eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Dat ass eng Première fir d'EU.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen